Aboncourt (däitsch: Endorf) ass eng franséisch Uertschaft a Gemeng am Departement Moselle an der Regioun Grand Est, am Dall vun der Canner.

Aboncourt

Land Frankräich
Regioun Grand Est
Departement Moselle
Arrondissement Thionville
Kanton Metzervisse
Postcode 57920
Gemengecode 57001
Koordinaten 49° 15’ 41’’ N
      06° 51’ 10’’ O
Fläch  590 ha
Bevëlkerung  346 (1999)

D'Uertschaft ass un de Verkéier ugeschloss iwwer Departementsstroossen D55 an D118e.

Fréier war Aboncourt un d'Eisebunnsnetz ugeschloss iwwer d'Linn Bettelainville-Mertzig. D'Gare déi ëm 1900 gebaut gouf ass haut am Besëtz vun der Gemeng a steet op der Lëscht vum Inventaire général du patrimoine culturel. Een Deel vun der Streck gëtt haut als Touristenzuch vun der Association lorraine d'exploitation et de modelisme A.L.E.M.F iwwer de Chemin de Fer touristique de la Vallée de la Canner de Vigy a Hombourg-Budange exploitéiert.

Geschichtleches änneren

  • 1817 war Abancourt mat der Ferme de Neudelange, eent vun den Dierfer vun den Dräi Bistümer. Deemools hunn do 430 Leit a 74 Haiser gewunnt.

Beschreiwung vum Wopen am Originaltext:

D'argent à la croix cantonnée aux 1 et 4 d'un lion, et aux 2 et 3 d'un alérion, le tout de gueules.

Demographie änneren

Joer Awunner Joer Awunner
1954 338 1982 338
1962 327 1990 337
1968 287 1999 346
1975 240 2006 351

Quell: Cassini.ehess.fr[1]

Kuckt och änneren


Um Spaweck änneren

  1. Cassini.ehess.fr