Den Abell 3266 ass e Galaxiëkoup um Südstärenhimmel. Säin Numm geet op den George Ogden Abell zeréck, deen e Katalog mat Galaxiëkéip opgestallt hat, den Abell-Katalog. Am Abell-Katalog sinn 3266 Galaxiëkéip opgelëscht.

Den Abell 3266 ass en Deel vum Horologium-Reticulum Superkoup an huet Honnerte vu Galaxien. Et ass ee vun de gréisste Galaxiëkéip um Südstärenhimmel an eng vun de gréisste Massekonzentratiounen am noen Universum. En huet en Duerchmiesser vu ronn 3 Millioune Liichtjoer an ass vun der Ausdeenung hier de gréissten aktuell bekannte Galaxiëkoup (Juni 2006).

Eng grouss Mass Gas, geformt wéi e Koméit, mat enger Mass vu Milliarde vu Sonnemassen, fléisst duerch de Koup mat enger Vitess vu 750 km/s.

Kuckt och änneren

  Portal Astronomie