Aalt Klouschter Déifferdeng

Gebai zu Déifferdeng

Dat aalt Klouschter vun Déifferdeng ass e Gebai vun enger fréierer Zisterzienserabtei zu Déifferdeng, dat tëscht 1727 a 1730 gebaut gouf. Et war vun 1929 bis 1981 en Hospice Civil, dono bis 2022 e Fleegeheem. Zanterhir steet et eidel.

Aalt Klouschter Déifferdeng
Viischt Fassad
Land Lëtzebuerg
Gemeng Distrikt Lëtzebuerg
Plaz Déifferdeng
Adress 21, 33 a 35, rue de l'Hôpital
Koordinaten 49° 31’ 23’’ N 05° 48’ 58’’ E
Baustil Barock
Statut Klasséiert Monument – Zousazinventaire (INPA)
Datum vum Bau 1727-1730
Proprietär Lëtzebuerger Staat

Geschicht

änneren

1235 huet den Alexander, Här vun Zolver, dem Zisterzienseruerden e Klouschter geschenkt, dat Fontaine Marie genannt gouf. Vum urspréngleche Gebai ass haut näischt méi erhalen. Dat haitegt Gebai gouf 1727-1730 opgeriicht. Nodeems d'Klouschter 1796, an der Folleg vun der Franséischer Revolutioun opgeléist gouf, sinn d'Gebaier e puermol versteet ginn, ier d'Stad Déifferdeng se 1929 kaaft huet, fir doran e Spidol anzeriichten.[1] Dofir huet d'Gebai bei munnechen Déifferdenger nach ëmmer den Numm Aalt Spidol.

1981 huet de Lëtzebuerger Staat d'Gebai ofkaf, fir et als Fleegeheheem ze benotzen. Zanter Enn 2022 steet d'Gebai eidel. D'Gemeng Déifferdeng "kuckt" fir op dëser Plaz "an Zukunft eventuell en neie Schoulcampus entstoen ze loossen". (Stand: Feb. 2023)[2]

Iwwer der Haaptentrée, an engem Fronton an der Mëtt, ass de Wope vun der Äbtissin Françoise de Gourcy agemeesselt. An den 1950er Jore koum en neit Zentralgebai am neobarocke Stil derbäi. Trotz villen Ëmännerunge sinn nach jett Elementer vum urspréngleche Gebai erhalen, wéi d'Kamäiner, d'Biedem an d'Kellerverwëllef.[1]

Den 19. Juli 2018 gouf d'Gebai op den Zousazinventaire vun de klasséierten nationale Monumenter agedroen.[3]

Kuckt och

änneren

Referenzen

änneren
  1. 1,0 1,1 DiffMag 06/2018, S.10.
  2. Violetta Cadarelli: "Fontaine Marie: Klouschter, Härenhaus, Spidol, Altersheem - an elo?" rtl.lu, 28.02.2023.
  3. Institut national pour le patrimoine architectural: Liste des immeubles et objets bénéficiant d'une protection nationale. (Lescht Versioun vum 26. November 2024).