Den Aadlerfar (Pteridium aquilinum) ass eng Farenaart, déi praktesch, mat Ausnam vu Polar- a Wüstegéigenden, op der ganzer Welt verbreet ass. Zu Lëtzebuerg fënnt een e virun allem am Gréngewald an an de Bëscher vun der a ronderëm d'Regioun Mëllerdall.[1]

Aadlerfar
Aadlerfar
An anere Sproochen fr: fougère aigle, grande fougère
de: Adlerfarn
Wëssenschaftlech Klassifikatioun
Räich Planzeräich
Klass Faren
Uerdnung Polypodiales
Famill Dennstaedtiaceae
Gattung Pteridium
Wëssenschaftlechen Numm
Pteridium aquilinum
(L.) Kuhn

Charakteristiken änneren

 
Aadlerfar (Pteridium aquilinum), Illustratioun.

Dem Aadlerfar säi Rhizom wiisst ënnert dem Buedem a ka wäit verzweigt an al ginn. Vun do wuessen ënnerierdesch Ausleefer, vu wou aus nei Stäck erauskommen. Nieft dëser vegetativer Fortplanzung kann e sech, wann d'Klima et zouléisst, och geschlechtlech iwwer Spore verbreeden, déi als Anemochorie vum Wand verspreet ginn.

Um Rhizom entsinn all Joers eenzel nei Stiller (de: "Wedel"), déi liicht no ënne gebéit sinn, an un deenen 3 bis 4 mol gefidert sinn. Si kënnen 0,5 bis 2 Meter héich ginn.

D'Sori stinn um Bord vun der ënneschter Säit vun de Blatfideren a si vun enger Zort Schleier (Indusium) a vum ëmgerullte Rand vum Blietche bedeckt.

Den Aadlerfar ass gëfteg.

E wiisst gär an net ze dicht bewuessene Bëscher oder um Bord vu Bëscher, wourënner Eechen- a Bichebëscher (Quercion roboris a Luzulo-Fagenion)

Systematik änneren

D'Systematik vum Aadlerfar ass net ganz kloer: Heiansdo gëtt en als eenzeg Aart vu senger Gattung ugesinn, heiansdo ginn nach aner tropesch Aarte mat bei d'Gattung Pteridium gezielt. Jee no Auteur gehéiert en zu der Famill vun den Dennstaedtiaceae, den Hypolepidaceae oder de Pteridaceae. Déi ginn och nees a verschidden Uerdnungen aklasséiert.

A Mëtteleuropa ënnerscheet een no zwou Ënneraarten:

  • Pteridium aquilinum subsp. aquilinum a
  • Pteridium aquilinum subsp. latiusculum

Literatur änneren

  • Bernhard Marbach, Christian Kainz: Farne, Moose, Flechten. 2. Oplo, BLV Buchverlag, München 2010, ISBN 978-3-8354-0664-3, S. 18.

Um Spaweck änneren

Commons: Aadlerfar (Pteridium aquilinum) – Biller, Videoen oder Audiodateien

Referenzen änneren

  1. https://pteridophytes.lu/pteridium-aquilinum/