46P/Wirtanen
Koméit
De 46P/Wirtanen ass e kuerzperiodesche Koméit mat enger Ëmlafzäit vu 5,4 Joer ëm eis Sonn. Hie war am Ufank d'Zil vun der Raumsond Rosetta vun der ESA. Hie gehéiert zu de Koméite vun der Jupiterfamill, déi sech all duerch en Aphel vu 5 bis 6 AE auszeechnen. Säin Duerchmiesser gëtt op ronn 1,2 km geschat.
46P/Wirtanen | |
---|---|
Orbittyp | kuerzperiodesch |
Grouss Hallefachs | 3,094 |
Perihel | 1,059 AE |
Aphel | 5,130 AE |
Numeresch Exzentrizitéit | 0.658 |
Perihelduerchgank | 2. Februar 2008 |
Ëmlafdauer | 5 a 161 d |
Ëmlafvitess | |
Physikalesch Eegenschafte vum Kär | |
Duerchmiesser | 1,2 km |
Entdecker C. A. Wirtanen | |
Entdeckungsdatum | 17. Januar 1948 |
Aner Bezeechnungen | 1961 IV; 1960m; 1967 XIV; 1967k; 1974 XI; 1974i; 1986 VI; 1985q; 1991 XVI; 1991s; 46P/1948 A1; 1947 XIII; 1948b; 46P/1954 R2; 1954 XI; 1954j |
Entdeckung
ännerenDe 46P/Wirtanen gouf op enger Foto vum 17. Januar 1948 vum US-amerikaneschen Astronom C. A. Wirtanen entdeckt. D'Fotoplack war de 15. Januar opgeholl ginn. Et hat iwwer ee Joer gedauert, bis den Objet als kuerzperiodesche Koméit identifizéiert gouf.
Kuckt och
ännerenUm Spaweck
änneren- (en) IAU Ephemerides page for 46P
- (en) 46P on JPL Small-Body Database Browser
- (en) 46P/Wirtanen – Seiichi Yoshida @ aerith.net