Österreichischer Astroverein

Astronomesche Veräin

Den Éisträichesche Astroveräin (Kuerzbezeechnung Astroverein) ass den zueleméisseg stäerkste Verband vun Astronomen an Éisträich. Hie gouf 1924 zu Wien vum Prof. Oswald Thomas gegrënnt. De Verband gëtt eng Schrëft eraus de „Sternenbote“, déi all Mount u ronn 2000 Amateurastronome geschéckt gëtt.

D'Aufgab vum Astroveräi besteet an der Fërderung vun der Astronomie an der Ëffentlechkeet souwéi déi fachlech Weiderbildung, Betreiung an Informatioun vun de Memberen. De Verband huet och d'Funktioun vun engem Dachveräin vu ronn 30 regionale Astroveräiner. Den aktuelle President ass Prof. Robert Weber vun der TU Wien.

Eppes méi laangt wéi de Veräi besteet säin astronomesche Büro, deen ënner anerem. Observatiounsprogramme fir Koméiten, Meteoren a Stärebedeckungen ënnerstëtzt an den Ëisträicheschen Himmelskalenner erausgëtt. De Büro gëtt vum Hermann Mucke gefouert, dem fréieren Direkter vum Wiener Planetarium. Ënner senger Initiativ ass och de Sterngarten¢Stäregaaart um Georgenberg (südwestleche Wiener Stadtrand) entstanen. Dat 50 Meter grousst Modell vun der Sonnebunn mat Duerstellung vun hiren Opganks- an Ënnerganks-Positiounen ass eng Aart „Fräiloftplanetarium“.

Kuckt och:

Um Spaweck änneren

  Portal Astronomie