Bernard Werber
De Bernard Werber, gebuer de September 1961 zu Toulouse, ass e franséische Schrëftsteller, dee ënner anerem fir seng Trilogie Fourmis bekannt ass.
Biographie
ännerenVum Alter vu 14 Joer u schreift de Bernard Werber Geschichte fir e Fanzine. No sengem Studium gëtt hie Wëssenschaftsjournalist. Zéng Joer duerno schafft hien als Schrëftsteller.
Säi Stil kéint een als eng Mëschung vun Abenteurroman, Science-fiction a philosophescher Erzielung bezeechnen. An deene meeschte vu senge Romaner spréngt hien tëscht Erzielung (gewéinlech méi wéi een Erzielstrang) a wëssenschaftlechen Artikelen hin an hier. Do derbäi kënnt nach, datt d'Romaner an Novellen ënnerenee vernetzt sinn, a verschidde Personnagen aus deem engem an engem anere kënnen opdauchen.
Bibliographie
ännerenD'Fourmis-Trilogie
änneren- Les Fourmis, 1991. Säi gréisste Succès: iwwer 2 Millioune Mol verkaaft, an an iwwer 30 Sproochen iwwersat.
- Le Jour des fourmis, 1992
- La Révolution des fourmis, 1996
D'Trilogie vun den Thanatonautes
änneren- Les Thanatonautes, 1994
- L'Empire des anges, prix Jules-Verne, 2000
- Nous les dieux am Ganze sinn 3 Bänn geplangt, deen éischten, L'île des sortilèges, koum am Oktober 2004 eraus. Nach net eraus sinn Le souffle de l'histoire a Le dernier mystère.
D'Trilogie Père de nos Pères
ännerenEn drëtte Roman, deen dem Term Trilogie géif säi Sënn ginn, léisst nach op sech waarden.
Experimentell Bicher
änneren- L'Encyclopédie du savoir relatif et absolu, 1993
- Le Livre du voyage, 1997
- Le Livre secret des fourmis, 2002
- Nos amis les humains, 2003
Novellen
änneren- L'Arbre des possibles, 2002
Bande dessinéeën
änneren- Exit, 1999
- Exit II - Le deuxième cercle, 2000
- Exit III - Jusqu'au dernier souffle, 2002
- Les Enfants d'Ève, kënnt 2005 eraus.
Filmer
änneren- La Reine de nacre, 2003
- Les Humains, a Produktioun.
Theaterstécker
ännerenKuckt och
ännerenUm Spaweck
ännerenCommons: Bernard Werber – Biller, Videoen oder Audiodateien |
- (fr) www.bernardwerber.com - Op senger Websäit kann een ënner anerem un engem "Arbre des possibles" selwer mattschaffen. Et geet dorëms, all méiglech Zenarioe festzehalen, wéi d'Zukunft fir d'Mënschheet kéint ausgesin. Dës Zenarioe kënne souwuel pessimistesch wéi optimistesch sinn, an den "Arbre des possibles" erméiglecht et duerno natierlech, all méiglech Verknëppungen tëscht deene verschiddenen Zenarioen hierzestellen.