Als Wolter-Teleskop gëtt e Röntgenteleskop bezeechent, dat e Spigelopbau huet, wéi en 1952 vum däitsche Physiker Hans Wolter virgeschloe gouf. Dobäi gëtt d'Totalreflexioun vun der Röntgenstralung bei sträifendem Afall op Metalluewerfläch ausgenotzt.

Wolter-Teleskoptyppen I, II an III
4-fach verschachtelt Wolter Teleskop vum Chandra-Weltraumteleskop (Illustratioun: NASA)

Dëse Spigelopbau besteet aus villen aneneegeschachtelte metallesche Rotatiounsparaboloiden déi dacks nëmmen aus beschichter Folie bestinn, deene jee e Rotationshyperboloid follegt. Och Rotatiounsellipsoide ginn a Kombinatioun mat Rotatiounsparaboloide gebraucht. Dës Spigelen hunn zesummen änlech Ofbildungseegeschafte, wéi gewéinlech Teleskope am visuelle Beräich vum Liicht.

Obwuel schonn 1952 virgeschloen, hat et bis 1978 gedauert, bis dat éischt Woltertelskop fir de Röntgensatellit Einstein realiséiert konnt ginn. Grond dofir ass déi néideg extreem Genauegkeet vun den Uewerflächen, déi mussen op de Milliounstel Millimeter glat sinn.

Type vu Wolter-Teleskopen änneren

D'Woltertyppen I an II bestinn aus enger Kombinatioun vun engem Paraboloid- mat engem Hyperboloid-Spigelsystem. Bei engem Wolter-I-System geschitt d'Reflexioun ëmmer op de bannenzege Säite vum Spigelsystem, woubäi bei engem Wolter-II-System déi éischt Reflexioun op der bannenzeger Säit vum Paraboloidspigel an déi zweet op der baussenzeger Säit vum Hyperboloidspigel geschitt. De Röntgensatellit XMM-Newton huet dräi Wolter-I-Systemer mat jee 57 anenee geschachtelte Spigelen.

Wolter-Typ-III-Systemer spigelen d'Röntgenphotone fir d'éischt op déi baussenzeg Säit vun engem Paraboloid, déi dann op der bannenzeg Säit vum Ellipsoidspigel fokusséiert ginn.

Literatur änneren

  • H. Wolter: Spiegelsysteme streifenden Einfalls als abbildende Optiken für Röntgenstrahlen, in Annalen der Physik, 10 (1952), S. 94–114.

Kuckt och änneren

  Portal Astronomie