Röntgenteleskopen erméiglechen et astronomesch Observatiounen ze maachen, d. h. Fotoen oder Miessunge vu Spektren am Wellelängteberäich vun der Röntgenstralung (Röntgenastronomie). Dat ass vun der Äerd aus normalerweis net méiglech, well d'Atmosphär vun der Äerd an deem Beräich vum elektromagnéitesche Spektrum net duerchléisseg ass. Dofir gi Röntgenteleskope meeschtens a Weltraumobservatoiren agesat. An den 1960er Jore goufe Miessunge mat Hëllef vu ballistesche Rakéiteflich gemaach.

Röntgenteleskop Chandra (Illustratioun: MSFC/NASA)

De Bau vun engem Röntgenteleskop gëtt duerch d'Eegenaarte vun der Röntgenoptik erschwéiert. Dozou zielt d'Feele vu Material, dat d'Röntgenstrale wéi siichtbaart Liicht reflektéiert oder brécht. Bal all Material absorbéiert Photonen am Röntgenberäich bei vertikalem Opprall an de Refraktiounsindex ass ganz no bei 1, wat en optescht Bild mat Lënsen onméiglech mécht.

D'Röntgenteleskop vum Satellit Uhuru (1970 gestart) war eng Bläiplack, déi vu ville parallele Buerungen duerchzu war, soudatt nëmme Röntgenstralen, déi aus enger bestëmmter Richtung koumen, de Stralungsdetektor erreeche konnten. Dës Apparatur war also keen Teleskop am Wuertsënn, mä nëmmen e Kollimater, deen de gebrauchten Detekter richtungsempfindlech gemaach huet.

A spéidere Röntgenteleskope goufen a gi Spigelopstellunge gebraucht, déi no hirem Erfinder Hans Wolter als Wolter-Teleskop bezeechent ginn. Do gëtt den Effet vun der Totalreflexioun vu Röntgenstrale bei sträifendem Afall vu Metallspigele benotzt, fir eng Vergréisserungswierkung wéi bei Teleskope fir Liicht z'erreechen.

Kuckt och änneren

  • Uhuru, Röntgenteleskop mat Bläiplack
  • Chandra en amerikanesche Satellittenteleskop.
  • XMM-Newton en europäesche Fuerschungssatellit.

  Portal Astronomie