De Still ass d'Upak oder de Grëff bei engem Geschier dat an der Hand gehale gëtt.

Eng Aaxt mat engem hëlze Still

De Still ass meschtens aus Holz, e kann awer och aus Konschtstoff oder Metall sinn. An der Steenzäit goufe Stiller dacks aus Schanken, Har oder Gewei fabrizéiert.

Fréier gouf et besonnesch a Géigende wou Bëscher waren, sou wéi an den Ardennen oder am Condroz , verschidden Dierfer déi wéinst hire Stillmécher bekannt waren. Ee vun de leschten am Condroz war ëm 1950 e gewësse Bourgeois.[1]

D'Stillmécherei war op verschidden Holzaarten ugewisen. Sou gouf fir Schëppestiller, Elleren-, Bierken- oder Weidenholz geholl. Fir d'Fabrikatioun vu Riecher gouf Hieselter- oder Eschenholz gebraucht. Fir Pioschen an Aaxte gouf Bichen- oder Eschenholz geholl. Déi goufen aus dem Quartier erausgeschafft, d. h. aus Stécker Holz déi beim Räisse vun engem ronne Stéck entstinn.

Referenzen änneren

  1. Mémoire de Neupré