Dësen Artikel ass eréischt just eng Skizz. Wann Dir méi iwwer dëst Theema wësst, sidd Dir häerzlech invitéiert, aus dëse puer Sätz e richtegen Artikel ze schreiwen. Wann Dir beim Schreiwen Hëllef braucht, da luusst bis an d'FAQ eran.

Eng Schëpp ass e Geschier, dat benotzt gëtt fir Buedem, Sand oder soss lassent Material, wéi Kuelen, kleng Waken oder Kiselsteng op enger kuerzer Distanz ze deplacéieren, sief et datt een d'Material direkt nieft déi Plaz schëppt, op där et läit, oder op en anert Transportmëttel, mat deem et weider transportéiert ka ginn.

Schëppen am Wope vun der Rolshausen-Familljen
Eng Handschëpp

Ofhängeg vum Material, dat domat geschëppt soll ginn, hunn d'Schëppe verschidde Gréissten a Formen wéi z. B. d'Kueleschëpp, d'Huewerschëpp, d'Sandschëpp, d'Manganschëpp an d'Malzschëpp.

Schëppe fir Buedem ze schëppe bestinn aus engem metallenen Deel, der eigentlecher Schëpp, déi no vir ofgerënnt ka sinn oder eng rechteckeg Form kann hunn, an un deem de Schëppestill ubruecht ass.

Kleng Schëppen, wéi Drécksschëppen am Hausgebrauch, sinn hautdesdaags meeschtens aus Plastik.

Kuckt och änneren

Um Spaweck änneren

Commons: Schëppen – Biller, Videoen oder Audiodateien