Virgeschicht
Holozen (➚ Fréigeschicht)
Eisenzäit
  Spéit Bronzezäit  
  Mëttel Bronzezäit
  Fréi Bronzezäit
Bronzezäit
    Koffersteenzäit    
  Jongsteenzäit
Mëttelsteenzäit
Epipaleolithikum
Pleistozen     Jonkpaleolithikum  
    Mëttelpaleolithikum
    Alpaleolithikum
  Alsteenzäit
Steenzäit

Steenzäit gëtt déi längst Period vun der Geschicht vun der Mënschheet genannt, ier Metaller fir Gebrauchszwecker geformt a benotzt goufen.

Geschier fir ze haen

De Begrëff geet op den Dräiperiodesystem zeréck, dee vum dänesche Paleontolog Christian Jürgensen Thomsen an aneren zanter 1830 propagéiert gouf. An dësem System ginn d'Ur- oder Virgeschicht an d'Steenzäit, d'Bronzezäit an d'Eisenzäit ënneragedeelt. D'Steenzäit selwer gëtt agedeelt a Paleolithikum (Alsteenzäit), Mesolithikum (Mëttelsteenzäit) an Neolithikum (Jongsteenzäit).

Dës Andeelung an dräi Periode bezitt sech virun allem op Europa an Deeler vu Westasien an Nordafrika.

Paleolithikum, Alsteenzäit oder Fréisteenzäit änneren

D'Al- oder Fréisteenzäit huet an Europa vu ronn 2.500.000 bis 8.000 v. Chr. gedauert (ongeféier bis d'Enn vun der leschter Äiszäit) an ëmfaasst domat dee gréissten Deel vun der Mënschheetsgeschicht.

  Méi Informatioun doriwwer am Artikel: Alsteenzäit.

Mesolithikum oder Mëttelsteenzäit änneren

Mëttelsteenzäit gëtt déi Epoch genannt, déi nom Enn vun der Alsteenzäit ufänkt (also ongeféier vun 8.000 v. Chr. un) a bis un den Ufank vun der Jongsteenzäit dauert. Se fänkt awer a verschiddene Géigenden zu verschiddenen Zäitpunkten un.

  Méi Informatioun doriwwer am Artikel: Mëttelsteenzäit.

Neolithikum, Nei- oder Jongsteenzäit änneren

 
Bandkeramesch Geféisser aus Mëtteldäitschland

Den Ufank vun der Jongsteenzäit gëtt haut do ugesat, wou d'Mënschen net méi just vun deem gelieft hunn, wat se fonnt, resp. gejot hunn, mä bewosst produzéiert hunn, virun allem, wat hiert Iessen ubelaangt, d. h. s'ugefaangen hunn, Akerbau a Véizuucht ze bedreiwen.   Méi Informatioun doriwwer am Artikel: Jongsteenzäit.

Um Spaweck änneren

Commons: Stone Age – Biller, Videoen oder Audiodateien