Serie 23 SNCB

Lokomotiv
Serie 23 SNCB
Nummeréierung: 2301-2383
Stéckzuel: 83
Constructeur: BN an ACEC
Baujoren: 1955-1957
Ausmusterung: 81 nach a Betrib
Achsformel: Bo'Bo'
Déngschtmass: 92 Tonnen
Längt iwwer Puffer: 18000 mm
Héicht: 3755 mm
Maximal Achselaascht 23 Tonnen
Héchstvitesse: 130 km/h
Stroumsystemer: 3kV Gläichstroum
Leeschtung: 1740 kW

D'Serie 23 ass eng Serie vun 83 elektresche Lokomotiven déi d'SNCB an den Joren 1955 bis 1957 kaaft huet, nodeem e groussen Deel vum belschen Eisebunnsreseau nom Krich elektrifizéiert gouf.

Allgemenges änneren

Am Ganze goufen eng 200 Maschinne kaaft, opgedeelt op d'Serien 22, 23, 25 a 26. Et schwätzt een haut bei Maschinnen aus där Zäit, iwweregens net nëmmen an der Belsch, vun Albaumaschinnen (de: Altbauloks, fr: locomotives classiques). D'Serie 23 war déi zweet Generatioun vun där Famill Lokomotiven a gouf dowéinst op Basis vun der Serie 22 gebaut, woubäi d'Ingenieuren d'Experienzen déi se beim Asaz vun der Serie 22 gemaach haten, mat abezunn hunn. Deen opfällegsten Ënnerscheed tëscht béide Serien, sinn d'Lüfter. Bei der Serie 22 waren déi nach um Daach vun der Maschinn, bei der Serie 23 si se op de Säite vun der Lok. Awer och den Asaz vu Bremsen déi Energie genéréiere war e grousse Schrëtt a Richtung vu méi efficacë Lokomotiven.

Nodeem déi éischt Maschinn am November 1955 geliwwert gouf, goufe se op der Streck Lëtzebuerg-Namouer am Giddertransport, an awer och am Persounentrafic agesat. D'Pentë vun där Streck hunn eng gewëssen Traditioun opkomme gelooss, datt d'SNCB hir neist an domat stäerkst Maschinnen ëmmer fir d'éischt op Lëtzebuerg fuere gelooss huet.

Ufanks waren d'Maschinne vun der Serie 23, wéi och hir Schwëstermaschinnen aus de Serien 22, 25 a 26 mat enger grénger Livrée ënnerwee, wéi se deemools bei der SNCB gebräichlech war.

Mëtt der 70er Jore ginn se an der néier bloer Livrée mat der gieler Sträif ugestrach, parallel dozou ginn se fir de Betrib an enger Unité Multiple ekipéiert. Interessanterweis gouf sech net limitéiert d'Maschinne vun der Serie 23 ënnerenaner ze vernetzen, mä d'Serien 23 an 26 goufen och sou modifiéiert datt si haut kënnen zesumme fueren. E Konzept dat an der Belsch eenzegaarteg, an am Rescht vun der Welt ganz rar ass.

Speziell Modifikatiounen änneren

Enn der 70er Joren krute verschidde Maschinne méi grouss Lüfteren, well et dacks virkoum dat eng Maschinn beim Zéie vun engem schwéiere Gidderzuch waarmgelaf ass an iwwerhëtzt huet.

Eng weider Installatioun déi ëm déi Zäit agesat gouf, ass déi vun der automatescher Kupplung. Déi koum virun allem am Beräich vum Persounentraffic an den Asaz, wou et wichteg war séier un en Zuch ukuppelen ze kënnen, an da séier weiderzefueren.

D'Maschinne mat den Nummeren 2361 an 2383 krute besonnesch breet Pufferen, well si d'Missioun hunn am Schife Plang vun Léck-Guillemins erop op Ans, déi schwéier InterCity A an InterCity O ze stäipen. Besonnesch bei schlechtem Wieder a wann am Hierscht Blieder op de Schinne leien, packen d'Maschinne vun der Serie 13 et net eleng déi laang Rammen a Richtung vun der LGV Ans-Louvain ze zéien.

Asaz änneren

Haut fënnt een d'Serie 23 nieft dem Cargoberäich nëmmen nach am P Zuchtraffic an op Charterzich. Zu Lëtzebuerg si se, well en de lëtzebuergesche Sécherheetssystem Memor II+ feelt, zanter 2007 net méi zougelooss.

Um Spaweck änneren

Commons: SNCB Class 23 – Biller, Videoen oder Audiodateien