Ans ass eng belsch Gemeng an der Provënz Léck. D'Gemeng läit am Norde vu Léck. Si ass staark markéiert duerch d'Exploitatioun vun de Kuelegrouwen déi bis an d'60er Jore funktionéiert hunn.

Ans
Land Belsch
Regioun Wallounien
Communautéit Franséisch Communautéit
Provënz Léck
Arrondissement Léck
Awunner 28.238 (1. Januar 2018)
Fläch 2.335
Koordinaten 50° 39’ 37’’ N
      05° 31’ 12’’ O
Telefonszon 04
Postcode 4430
Websäit https://www.ans-commune.be/

Vun den Amateure vum Vëlossport ass Ans bekannt well d'Arrivée vu Léck-Baaschtnech-Léck laang op der Kopp vun der Côte de Saint-Nicolas war.

Ans bilt zesumme mat Léck, Seraing, Herstal, Saint-Nicolas a Flémalle d'Agglomeratioun vu Léck mat ronn enger hallwer Millioun Awunner.

Bei der belscher Gemengereform vun 1977 koumen déi fréier Gemengen Alleur, Xhendremael a Loncin bei Ans bäi.

Jumelagen änneren

Zanter 1999 ass Ans mat der Associatioun « Pays d'Ans » am Périgord jumeléiert. An där Associatioun si sechs Gemengen déi all d'Wuert Ans an hirem Numm hunn: Badefols-d'Ans, La Boissière-d'Ans, Chournac-d'Ans, Granges-d'Ans, Sainte-Eulalie-d'Ans a Saint-Pantaly-d'Ans.

Verkéier änneren

Duerch d'Gemeng leeft d'Heichvitessestreck Léck-Bréissel, déi zu Ans eng vun de géieste Penten erop muss. Dësen Deel vun der Streck mat dem Numm Plan incliné de la côte d'Ans ass sou géi datt d'Zich fréier hu misse mat Hëllef vu Wannen eropgezu ginn.

Duerch d'Gemeng leeft d'Nationalstrooss N3, an net manner wéi 4 Autobunnen hu sech do mat dräi grousse Verdeelere breet gemaach.

Wopen a Geschichtleches änneren

De Wope vun Ans, de gueules au lion d'or, ass de Wope vun der Famill Waroux, déi zanter dem Mëttelalter d'Seigneurerie de Waroux zu Alleur hat. De Chevalier Breton le Vieux, Här vu Waroux hat sechs Jongen, vun deenen de jéngsten, de Chevalier Libert genannt Breton le Jeune 1234 seng Succesioun als Här vu Waroux ugetrueden huet. Vum Breton le Jeune huet d'Famill Polain de Waroux afgestaamt déi Besëtzer vun der Seigneurerie bis an d'16. Joerhonnert waren. Duerno goufen duerch Bestietnes d'Häre vu Merode Meeschter zu Alleur a schliisslech koum Schlass an d'Hänn vun der Famill Clercx. Op enger bëscheeflecher Charte vum 14. Mäerz 1330 ass de Stempel mat dem Wope vun den De Waroux ze gesinn, mat dem Léiw an der Mëtt vum Schëld.

Am Fändel sinn d'Faarwe vum Wopen duergestallt, déi dräi gëllen Zänn sollen déi dräi Uertschaften an der Gemeng duerstellen, an anéngems un de Fort de Loncin erënneren.

Kuckeswäertes an der Gemeng änneren

 
D'Place Nicolaï mat der Legia
  • D'Monument vum Lokalheld Hubert Goffin
  • De Fort de Loncin
  • D'Quell vun der Légia
  • De Musée vun de Spillzaldoten
  • D'Schlass vu Loncin
  • D'Schlass vu Waroux
  • D'Schlass vun Hombroux
  • D'Kapell vun Hombroux
  • De Gallo-réimeschen Tumulus an der Rue du Tasson zu Xhendremael

Um Spaweck änneren

Commons: Ans – Biller, Videoen oder Audiodateien