Gare Liège-Guillemins

belsch Gare

Liège-Guillemins ass d'Haaptgare vu Léck an der Belsch.

2013

D'Gare läit am Quartier Guillemins um Fouss vun der Kopp op där de Quartier Cointe ass. Et ass déi zweetgréisst Gare a Wallounien mat engem Trafic vun ongeféier 36.000 Passagéier den Dag. Et ass eng TGV-Gare fir internationalen Zuchverkéier. Hei lafen ënner anerem den ICE eran an den Thalys.

Et ass eng vun den eelste Garen aus der Belsch an ass am Gaang, komplett ëmgebaut ze gi fir déi nei LGV-Linn Bréissel-Oochen kënnen ze bedéngen. Et gëtt dofir eng nei Gare nieft der aller opgeriicht mat enger komplett neier Infrastruktur mat neie Parkingen asw. D'Autobunnsopfaart fir déi nei Gare besteet schonn zanter 2002. D'Pläng fir déi nei Gare si vum Architekt Santiago Calatrava Valls deen och d'Pläng fir d'Bréck gemaach huet déi an den neie Parking geet, a vun de Lécker dowéinst Calatravas-Bréck genannt gëtt. Si féiert vun der rue de l'Observatoire an de Parking. Déi nei Gare sollt sou wéi déi nei Linn Enn 2007 fäerdeg ginn. Den Délai gouf spéider op Enn 2008 verluecht, an duerno op Joer 2009.

Den 18. September 2009 gouf d'Gare ageweit.

Geschicht änneren

 
D'Gare Guillemins « Belle Epoque » vun 1905
 
D'Gare Guillemins « Belle Epoque » vun 1905

1838 knapps dräi Joer no där éischter Eisebunnsstreck um Kontinent, haten d'Belsch eng Eisebunnslinn vu Bréissel op Ans op den Héichte viru Léck gebaut. Wëll d'Steigung vu Léck op Ans eng zimmlech géi war, sinn d'Zich op deem Deel mat Seeler eropgezu ginn. Déi ganz Installatioun fir dat ze maache war bekannt ënner dem Numm Plan incliné de la côte d'Ans. Haut gëtt et och nach eng Strooss déi deen Numm dréit. An et kann een nach Iwwerreschter vun där Installatioun gesinn.

1842 gouf dunn wéi op ville Plazen eng éischt hëlze Gare opgeriicht op der Plaz wou fréier ee Klouschter stoung dat dem Guillemiteruerde gehéiert huet, vun deem den Numm hierkënnt.

1843 gouf déi éischt belsch international Linn Léck-Oochen-Köln opgemaach.

Déi hëlze Gare war als Provisorium geduecht gewiescht well déi Lécker Gemengepäpp d'Gare gär méi am Zentrum vun der Stad gehat hätten, zimmlech no bei der Place St. Lambert an no beim Bëschofspalais.

De belsche Staat hat awer eng ganz aner Iddi an der Kopp an dofir ass op der selwechter Plaz 1863 eng komplett nei Gare gebaut gi mat engem grousse Glassgiewel. Dës Gare gëtt vun 1881-1882 ëmgebaut a 1905 fir d'Universalausstellung zu Léck nach eng Kéier vergréissert. Deemools si Gleiser bäigeluecht ginn an ënnerierdesch Passage gebaut ginn, fir op Quaien ze kommen. 1958 gouf déi schéi Gare ewechgerappt an et ass en neit modernt Gebai ouni vill Fassong opgeriicht ginn. Déi Gare ass am Laf vun 2009 ofgerappt ginn.

Déi nei TGVs-Gare änneren

Duerch d'Decisioun, eng TGV's Linn vu Bréissel iwwer Léck bis op Oochen ze bauen, huet missen eng ganz nei Infrastruktur opgeriicht ginn an domat och eng nei Gare déi de Qualitéitsusprech vum TGV gerecht gëtt.

No engem internationale Concours krut de katalouneschen Architekt Santiago Calatrava Valls d'Missioun fir déi nei Gare ze bauen. Hien hat scho virdrun zu Zürich d'Gare vu Stadelhofen an zu Lyon Gare Lyon-Saint-Exupéry gebaut (fréier: Satolas).

Déi nei Gare huet 9 nei Gleiser. D'Gleiser 1 an 2 si reservéiert fir d'Departen an Däitschland an 3 a 4 fir d'Departen op Bréissel.

Déi fënnef nei Quaie sinn 8 Meter breet, 3 dovu si 450 m laang, fir duebel Thalysreien opzehuelen an déi zwéin aner sinn 350 Meter laang.

Konstruktiounsphasen änneren

 
9. Juni 2003
 
1. Mee 2005
 
3. September 2005
 
3. September 2005
 
4. Januar 2006
 
8. Januar 2006


 
Abrëll 2006

Wat fir Zich fueren do fort? änneren

Kuckt och änneren

Op der Linn 40 änneren

Tunnel vu Froidmont - Gare du Longdoz - Pont de Namur

Um Spaweck änneren

Commons: Gare Liège-Guillemins – Biller, Videoen oder Audiodateien

Offiziell Websäiten änneren

Net offiziell Websäiten änneren