D'Selenologie (griichesch „Moundfuerschung“) ass en Deelgebitt vun der Astrogeologie, dat sech mam Äerdmound ofgëtt, also mat der Genesis, dem bannenzegen Opbau, de formende Prozesser an der Zesummesetzung vum Mound. Alternativ zu der Selenologie schwätzt een och vu Lunargeologie, Moundgeologie oder einfach Geologie vum Mound.[1]

Falschfaarwebild vum Äerdmound. D'Faarwe weisen op geologesch ënnerschiddlech Strukturen a Gebidder hin.

De Begrëff gouf am 19. Joerhonnert gebilt als Ënnerscheedung vu Geographie a Geologie, deemools nach reng äerdbezunne Wëssenschaften.[2] Haut gëtt de Begrëff nach ganz rar gebraucht. Donieft bezeechent en och d'Moundfuerschung oder d'Moundwëssenschaft ganz allgemeng.

Literatur änneren

  • Wolf von Engelhardt: Die Geologie des Mondes. In: Naturwissenschaften. Bd. 69, Nr. 9 (September 1982). Springer, Berlin & Heidelberg 1982. S. 405-419, ISSN 0028-1042

Kuckt och änneren

  Portal Astronomie

Um Spaweck änneren

Referenzen änneren

  1. Herbert Bucksch: Wörterbuch Geotechnik − Dictionary Geotechnical Engineering. Bd. 2: Deutsch - Englisch. Gabler, 1998, S. 453, online
  2. Heinrich Wilhelm Josias Thiersch: Die Physiognomie des Mondes. Versuch einer Deutung derselben im Anschluss an die Arbeiten von Mädler, Nasmyth und Carpenter Nördlingen 1879, S. 5