D'Astrogeologie ass d'Wëssenschaft vum geologeschen Opbau vun net-stellare Himmelskierper an hirer Entwécklungsgeschicht.

Studienobjete vun der Astrogeologie sinn terrestresch Planéite vun eisem Sonnesystem, d'Mounde vun de Planéiten an aner fest Kierper wéi Asteroide (Klengplanéite), Koméitekären a Meteoriten.

Methode vun der Astrogeologie sinn äerd- oder raumgestëtzt Miessungen a besonnesch bildgiewend Weeër vun der Astronomie an de Beräicher vum siichtbaren Liichtspektrum, vum Infrarout a Radar, d'Verschéckung vu Raumsonde, Orbiter a Landeapparate zu Ënnersichobjete, déi Ënnersich vu gewonnene Prouwe virun der Plaz oder op der Äerd (bis elo nëmme vum Äerdmound, aus dem Sonnewand an engem Koméit), d'Ënnersich vu Meteoritte souwéi Modellrechnungen an theoreetesch Iwwerleeunge. Eng wichteg Roll an der Astrogeologie spillen Analogieschlëss unhand vun Erkenntnesser vu Geologie, Vulkanologie, Glaziologie, Hydrologie, Geophysik a Mineralogie op der Äerd.

Als gläichwäertege Begrëff gëtt heiansdo d'Wuert Planéitegeologie gebraucht. De Begrëff Planetologie dergéint ëmfaasst nieft der Astro- oder Planéitegeologie och Aspekter vun der planéitebezunnener Astronomie, déi net an eng fest Kuuscht gebonne sinn, wéi zum Beispill am Fall vun de Gasplanéite. Déi géigesäiteg Ofgrenzung vun de Begrëffer ass net genee definéiert.

Zanter datt ëmmer méi Exoplanéiten entdeckt ginn, gehéiert och d'Modelléierung vun extrasolare Gestengsplanéiten an déi entspriechend Interpretatioun vun Observatiounsdaten zu den Theeme vun der Astrogeologie.

Literatur änneren

Um Spaweck änneren

Kuckt och änneren

  Portal Astronomie