Dëse Geographiesartikel ass eréischt just eng Skizz. Wann Dir méi iwwer dëst Theema wësst, sidd Dir häerzlech invitéiert, aus dëse puer Sätz e richtegen Artikel ze schreiwen. Wann Dir beim Schreiwen Hëllef braucht, da luusst bis an d'FAQ eran.

D'Geographie (griich. Γεωγραφια geographia, v. griich.: gaia = Äerd + griich. gráphein = kritzelen, schreiwen, zeechnen) ass eng vun de Geowëssenschaften. Si befaasst sech mat der Äerduewerfläch, mat de Landschaften, mat de Mënschen an och mat der materieller a geeschteger Ëmwelt vun de Mënschen. An der Geographie geet et am Allgemengen ëm d'Welt an där mir liewen.

Geschicht änneren

Déi éischt déi d'Geographie studéiert hunn, waren d'Griichen. Duerno koumen d'Réimer, déi mat neien Technike wéi d'Kartographie komm sinn. An Europa war wärend dem Mëttelalter den Interessi u geographeschen Erkenntnesser net ganz grouss bis de Marco Polo am 13. Joerhonnert a China gereest war. Am 18. Joerhonnert ass d'Geographie dunn als eegestänneg Disziplin unerkannt ginn a gouf vun do un op den Universitéite geléiert.

Deelgebidder änneren

Um Spaweck änneren

Commons: Geographie – Biller, Videoen oder Audiodateien