Rond-point Gluck

Rond-point zu Gaasperech, um Wupp vun der A3

Rond-point Gluck ass de gebräichlechen Numm vun engem Rond-point zu Gaasperech, um Wupp vun der A3, an der Stad Lëtzebuerg, an eng vun den Haaptentréeën an d'Stad.

Rond-point Gluck
Vue vum Tunnel Rangwee aus op de Rond-point Gluck
Situatioun
Land Lëtzebuerg
Gemeng Lëtzebuerg
Quartier(en) Gaasperech
Koordinaten 49°35'7,40"N, 6°8'1,64"O
Morphologie
Héicht i. M. 284 m

Geschicht änneren

De Rond-point Gluck ass Mëtt vun den 1990er Joren opgaangen. En huet sengerzäit an der Süd-Nordverbindung d'A3 mat der Pénétrante sud verbonnen an an der West-Ostrichtung, vu Gaasperech aus, d'Rue Gluck mam Tunnel Rangwee a Richtung Houwald.

Bei Uleeë vum Rond-point war an der Mëtt eng dekorativ Mauer gebaut ginn, absënns fir Drëttpersoune virun Automobilisten ze schützen, déi wéinst ze héijer Vitess vun der Autobunn aus, iwwer de Rond-point op déi aner Säit renne géifen[1]. Well d'Mauer bei Autosaccidenter iwwer d'Joren eng Rëtsch Blesséierter an Doudeger gefuerdert hat, huet den deemolegen Transportminister François Bausch 2014 decidéiert, fir d'Mauer ewechzerappen, well se fréier oder spéider souwisou ofgerappt géif, dëst am Kader vum geplangten Ëmbau vum Rond-point Gluck an eng Kräizung, déi mat Luuchte gereegelt géif[1][2].

Am August 2017 gouf de westlechen Aarm vum Rond-point un den neie Boulevard de Kockelscheuer ugeschloss; déi direkt Verbindung mat der Rue Gluck besteet zanterhier net méi.

Projet änneren

Am Kader vum geplangtem neie Stroosseverlaf vun der N3 huet d'Chamber am August 2018 e Gesetz gestëmmt fir den Tunnel Rangwee ëmzebauen. Am Kader vun deem Ëmbau soll och de Rond-point ewechfalen. Déi Aarbechten, déi scho fir 2016/17 ugekënnegt gi waren[2], sollen dann elo bis Enn 2021 realiséiert ginn.

Biller änneren

Um Spaweck änneren

Commons: Rond-point Gluck – Biller, Videoen oder Audiodateien

Referenzen an Notten änneren

  1. 1,0 1,1 Début des travaux mi-octobre: Le mur au milieu du rond-point Gluck va disparaître op wort.lu den 1. Oktober 2014, gekuckt den 29. Mäerz 2020
  2. 2,0 2,1 Doudes-Mauer aus dem Rond-Point Gluck verschwënnt op rtl.lu den 13. Oktober 2014, gekuckt den 29. Mäerz 2020