D'Réibaach ass eng kleng Baach am Éislek op der Grenz tëscht de Gemengen Klierf a Wäiswampech am Kanton Klierf, a laanscht d'belsch Grenz um südwestlechsten Eck vun der Gemeng Burg-Reuland.

D'Réibaach 100 Meter éier s an d'Our leeft

Si huet hir Quellen eng ronn 400 Meter nordëstlech vu Lausduer um Flouer Fenn op enger Héicht vu 475 Meter.

Si leeft vun do aus no Nordosten lénks laanscht Léiler a Richtung belsch Grenz. Eppes 2.300 Meter no der Quell kritt se vu lénks e klengen Niewefloss d'Birkelburen déi vu Wäiswampech erofkommen. Just op der belscher Grenz bei der Maark LB N° 53 leeft nach eng kleng Baach vu lénks dran, déi aus enger Griecht mam Numm Weierchessäit kënnt.

Vun do aus dréint se an engem grousse Bou no Südosten a mécht déi ganzen Zäit bis s'um Dräilännereck an d'Our leeft, d'Grenz mat der Belsch. Op deem Deel leeft nach just e Gruef, dee vu Lotzebur kënnt, op der rietser Säit dran.