Lausduer

Lieu-dit an de Gemenge Klierf a Wäiswampech.

De Lausduer [lokal: om Lausduarre(n)[3]] ass e Lieu-dit op der Nordstrooss, tëscht Hengescht a Wäiswampech.

Lausduer
om Lausduarre(n)
Um Lausduer, a Richtung Norden
Aussprooch
An anere Sproochen fr: Lausdorn
de: Lausdorn
Land Lëtzebuerg
Kanton Klierf
Gemeng Klierf
Wäiswampech
Buergermeeschter Georges Keipes
Claude Daman
Awunner 18 (Klierf)[1],
4 (Wäiswampech)[2]
  1. Januar 2021; 1. Januar 2022
Héicht 503 m
Koordinaten 50° 07’ 07.00’’ N
      06° 04’ 59.45’’ O
Postcode 9968

Den nërdlechen Deel läit an der Gemeng Wäiswampech, iwwerdeems de südlechen Deel zanter Enn 2011 zur Gemeng Klierf gehéiert. Virdrun huet en zur Gemeng Hengescht gehéiert ier déi – zesumme mat Munzen – bei d'Gemeng Klierf geprafft gouf.

Geographie änneren

De Lausduer läit westlech vun der N7, op enger Héicht vu ronn 503 Meter a besteet aus ronn enger hallwer Dosen Haiser, déi op dem alen Deel vun der Nordstrooss leien, déi an den 1970er Joren nei nivelléiert a riichtgezu gouf.

Dat eenzegt Haus an der Gemeng Wäiswampech huet d'Adress 3 Lausduarre; d'Haiser aus der Gemeng Klierf si just nummeréiert (1, 2, 4 a 6). Den eenheetleche Postcode ass den 9968.

Trivia änneren

Den Numm Lausduer krut am Abrëll 2018 e bësse méi Bekanntheet nodeems et bei enger Poursuite zu engem Autosaccident koum an dobäi ee Polizist leie bliwwen ass a véier anerer blesséiert goufen[4].

Biller änneren

Kuckt och änneren

Um Spaweck änneren

Commons: Lausduer – Biller, Videoen oder Audiodateien

Referenzen an Notten änneren

  1. Statistiques sur la population. www.clervaux.lu (01.07.2021). Gekuckt de(n) 04.07.2021.
  2. Habitants par localité. www.weiswampach.lu (31.12.2020). Gekuckt de(n) 04.07.2021.
  3. Lëscht vun den Uertschaften a Lieu-diten zu Lëtzebuerg. CPLL - Conseil permanent de la langue luxembourgeoise Archivéiert op 2020-08-11. Gekuckt de(n) 14.06.2020.
  4. Polizist stirbt bei Verfolgungsjagd: Fluchtfahrer wegen fahrlässiger Tötung angeklagt. Luxemburger Wort - Deutsche Ausgabe (2018-04-14). Gekuckt de(n) 2021-07-04.