Burg-Reuland

belsch Gemeng an der Provënz Léck

Buerg-Reiland (de a fr: Burg-Reuland) ass eng Gemeng an der Belsch.

Burg-Reuland
lb: Buerg-Reiland
Land Belsch
Regioun Wallounien
Communautéit Däitsch Communautéit
Provënz Léck
Arrondissement Verviers
Awunner 3.956 (1. Januar 2018)
Fläch 10.896
Koordinaten 50° 11’ 43.41’’ N
      06° 08’ 10.07’’ O
Telefonszon 080
Postcode 4790
Websäit http://www.burgreuland.be/home/

Si läit am Südoste vun der Provënz Léck un der däitscher a lëtzebuergescher Grenz a gehéiert zur däitschsproocheger Communautéit an der Belsch.

D'Gemeng Buerg-Reiland ass 1977 bei der belscher Gemengereform duerch Fusioun vun de fréiere Gemenge Reuland an Thommen entstanen. Déi fréier Gemenge waren der Belsch opgrond vum Traité vu Versailles den 28. Juni 1919 zougesprach ginn. D'Gemengenhaus ass zu Thommen op der Nummer 64.

Den Numm krut d'Gemeng vun der Buerg Reiland, déi d'Uertschaft Burg dominéiert.

Uertschaften an der Gemeng änneren

An der Sektioun Reuland

An der Sektioun Thommen

Kuckt och änneren

Um Spaweck änneren

Commons: Burg-Reuland – Biller, Videoen oder Audiodateien

Fotoalbum änneren