Dëse Sportsartikel ass eréischt just eng Skizz. Wann Dir méi iwwer dëst Theema wësst, sidd Dir häerzlech invitéiert, aus dëse puer Sätz e richtegen Artikel ze schreiwen. Wann Dir beim Schreiwen Hëllef braucht, da luusst bis an d'FAQ eran.

Preston North End FC (Spëtznumm The Lillywhites) ass en englesche Foussballveräin zu Preston am Lancashire. Déi 1. Härenekipp spillt an der Saison 2008/09 am Football League Championship, der zweethéchster Spillklass am englesche Liga System. De Veräi spillt seng Heemspiller am Deepdale Stadion.

Wope vu Preston North End FC
Wope vu Preston North End FC

De Veräi gouf 1880 gegrënnt. Hir gréisst Erfolleger leie scho méi laang zeréck. Si hunn den englesche Foussballchampionnat (deemools First Division) 1889 an 1890 gewonnen, an den FA Cup an de Joren 1889 an 1938. Si waren domat 1889 deen éischte Veräin an der Geschicht vum englesche Foussball, déi den Doublé vu Coupe a Championnat an der selwechter Saison gewonnen hunn. Fir d'lescht hu si 1961 an der héchster Spillklass vum englesche Foussball gespillt.

Um Spaweck änneren

(en) Offiziell Websäit vu Preston North End FC

Commons: Preston North End F.C. – Biller, Videoen oder Audiodateien