Dëse Sportsartikel ass eréischt just eng Skizz. Wann Dir méi iwwer dëst Theema wësst, sidd Dir häerzlech invitéiert, aus dëse puer Sätz e richtegen Artikel ze schreiwen. Wann Dir beim Schreiwen Hëllef braucht, da luusst bis an d'FAQ eran.

Den FA Cup (Football Association Challenge Cup) ass déi wichtegst Coupe-Kompetitioun am Englesche Foussball. E gëtt zanter dem Joer 1871, mat Ausnam vun de Weltkricher, all Joer ausgespillt, an ass domat déi eelst Foussball-Kompetitioun op der Welt, déi bis haut existéiert.

All Veräiner déi am Englesche Foussball Liga System vertruede sinn an déi an der Saison virdrun an enger vun de wichtegen Englesche Coupe-Kompetitioune matgespillt hunn (FA Cup, FA Trophy an FA Vase) kënne matspillen. D'Matcher lafen all Saison an 2 Virqualifikatiounsronnen, 4 Qualifikatiounsronnen an 8 Haaptronnen tëscht de Méint August a Mee. An der Saison 2011/12 gouf en neie Rekord vu Participanten opgestallt, mat 763 Veräiner.

Manchester United F.C. huet den FA Cup 11-mol gewonnen, an ass domat Rekordgewënner.