Nusantara

geplangt Stad, zukünfteg Haaptstad vun Indonesien
Dëse Geographiesartikel ass eréischt just eng Skizz. Wann Dir méi iwwer dëst Theema wësst, sidd Dir häerzlech invitéiert, aus dëse puer Sätz e richtegen Artikel ze schreiwen. Wann Dir beim Schreiwen Hëllef braucht, da luusst bis an d'FAQ eran.

Nusantara [nusanˈtara] (offiziellen Numm op Indoneesesch: Ibu Kota Negara Nusantara, ꦤꦸꦱꦤ꧀ꦠꦫ) ass eng geplangt Stad déi am Oste vun der Insel Borneo am Bau ass. Et ass virgesinn, datt se de 17. August 2024 (dem indoneeseschen Onofhängegkeetsdag) ageweit gëtt a vun do un – amplaz vun Jakarta – déi nei Haaptstad vun der Republik Indonesien ass.

Nusantara
Ibu Kota Negara Nusantara
Lokalisatiounskaart
Land: Indonesien
Regioun: Kalimantan
Gegrënnt: 17.08.2024 (geplangt)
Koordinaten: 00° 58' 22.7" S
116° 42' 31.8" E
Fläch: 2561,42 km²
Awunner: 2.000.000
Zäitzon: UTC+8
Logo vun der neier Haaptstad

Logo vun der neier Haaptstad
Logo vun der neier Haaptstad

Nusantara läit no bei der Stad Balikpapan an der Provënz Kalimantan Timur.

Geographie änneren

Déi nei Haaptstad gëtt op enger Fläch vun 2.561 km² an der Provënz Kalimantan Timur ugeluecht. 20 Prozent vun der Fläch solle bebaut ginn an de Rescht ass fir Naturschutzgebidder, landwirtschaftleche Flächen a Bësch virgesinn.

Numm änneren

De Begrëff Nusantara staamt aus dem Aljavaneeseschen (Kawi) a gouf eng éischt Kéier an der Geschichtschronik Paraton ernimmt. De Begrëff gëtt vun de Wierder nūsa “Insel” an antara “dertëschent leien” ofgeleet a beschreift d'Regioun tëscht dem asiatesche Festland an Australien. De Begrëff Nusantara gëtt haut an Indonesien mam Begrëff Archipel gläichgesat. Well en déi geographesch Situatioun vun Indonesien als Inselstaat gutt beschreift an international bekannt ass, huet de President Joko Widodo den Numm aus iwwer 80 Virschléi ausgewielt.

Um Spaweck änneren

Commons: Nusantara – Biller, Videoen oder Audiodateien