En Naturschutzgebitt (réserve naturelle) ass eng fest definéiert Zon, an där d'Natur e besonnesche Schutz genéisse soll. Aus wëssenschaftlechen, ekologeschen oder geschichtleche Grënn ënnerleien dës Parzelle gewësse Benotzungsaschränkungen, besonnesch fir d'Erhale vu bestëmmte Liewensraim fir Déieren- a Planzenaarten.

Schëld vun engem Naturschutzgebitt (Haard-Hesselsbierg-Stäbierg)

Déi Schutzzone ginn zu Lëtzebuerg duerch e groussherzoglecht Reglement als zone protégée ausgewisen an ënnerdeele sech a véier verschidde Kategorien:

  • Bëschnaturschutzgebidder (réserves forestières)
  • Fiichtgebidder (zones humides)
  • Dréchewisen (pelouses sèches)
  • aner Naturschutzgebidder (réserves diverses)

Liteatur änneren

  • Naturverwaltung, 2011, Wanderführer durch die Naturschutzgebiete Luxemburgs. Lëtzebuerg, Imprimerie Fr. Faber S.A.
    Dëse Guide ass gratis ze kréien bei den Naturschutzzentre vun der Naturverwaltung. (Dës Verëffentlechung feelt op emwelt.lu)
  • Gudrun Zolitschka, unter Mitarbeit von Jan Herr, Paul Kremer und Meike Zolitschka: Naturschutzgebiete in Luxemburg. Luxemburg, Trier: Ministère du développement durable et des Infrastructures, Verlag auf der Warft, 2013. ISBN 978-3-939211-40-2

Kuckt och änneren

Um Spaweck änneren

Commons: Naturschutzgebidder – Biller, Videoen oder Audiodateien