Nummereschëld

Schëld op engem Stroossegefier dat eng eendeiteg Identifikatioun erlaabt

En Nummereschëld, och nach Autosplack oder Plackennummer ((de) Kraftfahrzeugkennzeichen oder Kfz-Kennzeichen, (fr) plaque d'immatriculation oder plaque minéralogique), ass e Schëld mat enger eemoleger Kombinatioun aus Zifferen an / oder Buschtawe mat deem e motoriséiert Gefier aus dem Stroosseverkéier eendeiteg identifizéiert ka ginn.

Iwwersiichtskaart vun den Nummereschëlter uechter Europa

D'Nummereschëld kann entweder engem Gefier oder enger Persoun fest zougedeelt sinn. Am éischte Fall bleift d'Plackennummer um Gefier, och wann dat verkaaft gëtt an am anere Fall hält den Titulaire „seng Nummer“ wann hien z. B. säin alen Auto ofmellt an en neien umellt.

Kuckt och änneren

Um Spaweck änneren

Commons: Nummereschëld – Biller, Videoen oder Audiodateien