Neikaledonien

Inselgrupp am Pazifik déi politesch zu Frankräich gehéiert
Dëse Geographiesartikel ass eréischt just eng Skizz. Wann Dir méi iwwer dëst Theema wësst, sidd Dir häerzlech invitéiert, aus dëse puer Sätz e richtegen Artikel ze schreiwen. Wann Dir beim Schreiwen Hëllef braucht, da luusst bis an d'FAQ eran.

Neikaledonien (franséisch Nouvelle-Calédonie) ass eng Inselgrupp am Pazifik. Se gehéiert politesch zu Frankräich a geographesch zu Melanesien.

Neikaledonien
Insel an der Ouvéa Lagun
Geographie
Kontinent Ozeanien
Land Frankräich
Läit an/am Pazifeschen Ozean
Gehéiert zu Franséisch Iwwerséigebidder
Koordinaten 21°15'S, 165°18'O
Fläch 18.576 km²
Verwaltung
Verwaltungseenheet Frankräich
Haaptuert Noumea
Demographie
Awunner 278.500
Awunnerdatum 2017
Liewenserwaardung 76,9615 Joer
Aner Informatiounen
Zäitzon UTC+11
Wärung CFP Frang
Nationalhymn Soyons unis, devenons frères
Internet TLD .nc
Internat. Telefonsprefix +687

Neikaledonien huet de Status vun enger Collectivité sui generis (no den Artikele 76 a 77 vun der franséischer Verfassung). Am November 2018 huet eng Majoritéit vun de Wieler (knapps 57%) an engem Referendum dofir gestëmmt, dëse Statut bäizehalen an net onofhängeg ze ginn.

Geographie änneren

Neikaledonien läit ëstlech vun Australien op der nërdlecher Spëtzt vun der Zealandia-Scholl am südwestleche Pazifik.

D'Inselen hunn eng Fläch vun am Ganzen 18.576 km², dovu sinn 18.091 km² Landfläch a 485 km² Waasserfläch.

Zu Neikaledonien gehéiere follgend siwen Haaptinselen:

Doniewent gëtt et nach eng Abberzuel vu klengen a winzegen Inselen déi iwwert den Archipel verstreet sinn.

  Méi Informatioun doriwwer an der Lëscht vun den Insele vun Neikaledonien ((fr))

Ursprong vum Numm änneren

Den haitege franséischen Numm geet op déi eeler englesch Bezeechnung New Caledonia zeréck, wéi den James Cook den Archipel 1774 genannt hat. Unhänger vun der Onofhängegkeet vun Neikaledonien nennen d'Inselgrupp och nach Kanaky.

Billergalerie änneren

Um Spaweck änneren

Commons: Neikaledonien – Biller, Videoen oder Audiodateien