Dëse Geographiesartikel ass eréischt just eng Skizz. Wann Dir méi iwwer dëst Theema wësst, sidd Dir häerzlech invitéiert, aus dëse puer Sätz e richtegen Artikel ze schreiwen. Wann Dir beim Schreiwen Hëllef braucht, da luusst bis an d'FAQ eran.

Eng Zäitzon ass eng Sträif vun der Äerduewerfläch, wou zu engem gewëssen Zäitpunkt den Datum an d'Auerzäit identesch sinn.

Weltkaart mat Zäitzonen

Bei der Bildung vun Zäitzone kënnt d'Bestriewen zum Ausdrock, op der enger Säit den Dag nom Stand vun der Sonn (Äerdrotatioun) auszeriichten, awer och gläichzäiteg ganz Gebidder mat enger eenheetlecher Zäit ze definéieren, tëscht deenen eng Zäitdifferenz, déi liicht ze berechnen ass (meeschtens 1 Stonn), besteet. Dat kann erreecht ginn, wann een d'Zäitzonen als Gebidder tëscht zwéi geographesche Längtegrade mat engem Ofstand vu 15° definéiert. Fir awer dem Tatbestand Rechnung ze droen, datt bestëmmt Gebidder politesch, administrativ oder kulturell zesummegehéieren, gëtt et Ofwäichunge vun deem Prinzip. Fir d'Antarktis, déi dann theoreetesch a 24 Zäitzone géif leien, gouf souguer komplett déi Koordinéiert Weltzäit (UTC) festgeluecht.

Um Spaweck änneren

Commons: Zäitzonen – Biller, Videoen oder Audiodateien