Nationalstrooss 10

Nationalstrooss zu Lëtzebuerg

D'Nationalstrooss 10 oder N10 ass eng lëtzebuergesch Nationalstrooss an de Kantone Réimech, Gréiwemaacher, Iechternach, Dikrech, Veianen a Klierf. Si féiert vun der däitscher Grenz zu Schengen laanscht d'Musel, d'Sauer an d'Our bis op Maarnech wou se Uschloss un d'N18 huet.

Nationalstrooss 10
Panorama mat der N10 tëscht Stadbriedemes an der Hëttermillen
Strooss vun den dräi Flëss
Gestioun Administration des ponts et chaussées
Ufank Schengen,
Bundesstrooss 407
Koordinaten 49°28'18,01"N, 6°22'3,50"O
Enn Maarnech,
Nationalstrooss 18
Koordinaten 50°3'5,47"N, 6°4'21,68"O
duerch Schengen, Réimech, Stadbriedemes, Wuermer, Gréiwemaacher, Mäertert, Rouspert-Mompech, Iechternach, Bäerdref, Beefort, Reisduerf, Veianen, Pëtschent, Parc Housen
Längt 112 km
Informatiounen a Websäiten
P & Ch Beschreiwung vum Stroossennetz
Fandom Nationalstrooss 10
Laf an Uschlëss

1. Deel: Schengen - Iechternach

B 407

Musel

Schengen CR 152B Rue Robert Goebbels
CR 152 Wäistrooss
A 13
Schengerwiss Uschloss A 13
CR 152 Wäistrooss
Schwéidsbeng CR 152F Rue du Port
Bech-Maacher CR 151 Route du Vin
Réimech CR 152C Place du Marché
N 2
Stadbriedemes Aalbaach
CR 149 Dicksstrooss
CR 146
Hëttermillen CR 145 Neie Wee
Éinen CR 144 Frongaass
Gouschtenger Baach
CR 134 Neie Wee
Wuermer CR 122 Rue Principale
CR 122B
CR 122C Rue Principale
Ohn Donwer Baach
CR 142 Rue de Niederdonven
Meechtem CR 146 Rue du Faubourg
Deisermillen Kelsbaach
CR 146
Gréiwemaacher CR 140A
Gehaansbaach
Rouderbaach
CR 140 Schaffmill
N 10A
N 1
Leiteschbaach
Lafbaach
Mäertert Brëtell A 1
Sir
CR 134C
CFL-Linn 3
CR 134 Rue de Wecker
CR 141A Rue de Mompach

       CR 134 Rue J-P Beckius

Waasserbëlleg N 1
CR 141 Rue du Bocksberg
Wollefsmillen CR 141B

Sernigerbaach

A 1 Sauerdallbréck
Méischdref CR 135 Millewee

       CR 135 Um Kiesel

Kauzebaach
Bur
Burer Millen Girsterbaach
Hénkel CR 370 Rue de Girsterklaus
Rouspert CR 372A
CR 372 Rue Henri Tudor
CR 372 Rue du Pont
Steenem Hatzbaach
Iechternach (Uschloss: kuckt 2. Deel)
Laf an Uschlëss

2. Deel: Iechternach - Maarnech

(Uschloss: kuckt 1. Deel)
Iechternach N 11B
N 11A
N 11A
Aleferbaach
Lauterbuererbaach
N 11
CR 366 Rue des Remparts
CR 366 Rue Maximilien
CR 366 Rue Ermesinde
Fielsmillen CR 364
Äsbech
Weilerbaach
Bollenduerfer Bréck CR 369
Grondhaff CR 121
Déiljen CR 364 Rue de la Sûre
CR 364 Route de Beaufort
Wallenduerfer Bréck Kuerbaach
CR 358A Grenzwee
Reisduerf
Wäiss Iernz
CR 358 Route de Larochette
Sauer
CR 358 Rue de l'Our
N 19
Héischdref (3 Baachen ouni Numm)
Bëttel Leitschebaach
Telleschbaach
Lauterbaach
N 17B
Hinkelsbaach
N 10F Bréck Richtung

Ruet op der Our

Veianen Schmitbaach
Kënzebaach
Our
N 17 Rue de la Frontière
Molsbaach
Kalchesbaach
CR 344 Rue Kohnerloch
Our
N 17 Grand-Rue
Our
Biwels Our
CR 355
CR 355 Rue du Lac
(3 Baachen ouni Numm)
Stolzebuerg N 10E Bréck Richtung

Käppessen

CR 320 Rue de Putscheid
Ammeschterbaach
Klangbaach
Oolzbaach
Akeschterbaach
Wuelessen N 10D Bréck Richtung Gemünd
Gemünder Akeschterbaach
Ënnereesbech (3 Baachen ouni Numm)
N 10C Bréck Richtung

Iwwereesbech

Huschterbaach
Uewereesbech CR 324 Bongertswies
Holzbech
Ettebaach
Kohnenhaff
Kellbech
Fallbech
Rouderssen CR 342
Träsbech
Etschenterbaach
Doosber Bréck N 10B Bréck

Richtung Doosber

Rueder CR 326
Maarnech N 18

D'Strooss vun den dräi Flëss wéi se och nach genannt gëtt, ass mat 112 km déi längst Nationalstrooss am Land[1]. Se leeft ni iwwer d'Musel, eemol iwwer d'Sauer a véiermol iwwer d'Our.

Laf vun der Strooss änneren

Muselstrooss änneren

D'N10 fänkt op der däitscher Grenz zu Schengen op der Bréck iwwer d'Musel un, wou se un déi däitsch B407 ugeschloss ass. Vun do leeft se an nërdlecher Richtung laanscht d'Musel, ënner der Autobunn A13 erduerch, weider laanscht Wëntreng, Schwéidsbeng a Bech-Maacher bis op Réimech, wou se sech mat der N2 kräizt.

Weider geet se laanscht Stadbriedemes, d'Hëttermillen, Éinen, Wuermer, Ohn a Meechtem bis op Gréiwemaacher, wou se an d'N1 iwwergeet. Zesumme mat der N1 geet se laanscht Mäertert bis op Waasserbëlleg, wou se op der Kräizung vun der Grand-Rue mat der Rue des Bergers no lénks ofbéit a sech nees vun der N1 trennt.

Laanscht d'Musel gëtt d'Strooss och nach Wäistrooss genannt.

Sauerstrooss änneren

Vu Waasserbëlleg aus geet se viru laanscht d'Sauer, ënner der Autobunn A1 erduerch, duerch Méischdref, Bur, Hénkel, Rouspert a Steenem bis op Iechternach, wou se an d'N11 iwwergeet a mat där bis un d'Enn vun der Rue du Pont matleeft. Bis Enn 2021 war se vun do un ënnerbrach an ass eréischt nees am nërdlechen Ausgank vun Iechternach bei der Kräizung vun der Rue de la Gare mat der Rue Ermesinde virun an nordëstlecher Richtung laanscht d'Sauer gelaf[2].

Den Tracé zu Iechternach war duerch den Tunnel ugeduecht, deen am Kader vum Stroosseprojet vun 1973 – wéi déi nei Sauerbréck gebaut gouf – geplangt gi war[3].

Vun Iechternach aus leeft der N10 hiren Tracé duerch d'Weilerbaach, d'Bollenduerfer Bréck, de Grondhaff, Déiljen an d'Wallenduerfer Bréck bis op Reisduerf, wou se d'N19 kräizt.

Ourdallstrooss änneren

Vu Reisduerf aus geet d'N10 weider nërdlech ëmmer laanscht d'Our duerch Héischdref a Bëttel bis op Veianen, wou se d'N17 kräizt.

Si geet da virun nërdlech laanscht d'Our duerch Biwels, Stolzebuerg, Ënnereesbech, Uewereesbech a Rouderssen bis op d'Doosber Bréck.

Vun do u geet se a westlecher Richtung aus dem Ourdall erop bis op Maarnech, wou se op der Kräizung mat der N18 zu Enn geet.

Entwécklung vun der N10 änneren

  • Virun 1958 ass Strooss tëscht Réimech a Gréiwemaacher als N10 bezeechent ginn;
  • duerno koumen d'Deeler Waasserbëlleg - Iechternach - Grondhaff (bis dohin: N19) a Veianen - Maarnech (bis dohin: CR343) bei d'N10 derbäi[4] ;
  • vun den 1960er bis an d'1990er Joren gouf vu Rëmerschen bis op Réimech eng nei Strooss gebaut, déi d'Uertschaften Rëmerschen, Wëntreng, Schwéidsbeng, Welleschten a Bech-Maacher westlech ëmfiert a bei d'N10 derbäi koum;
  • eng Rei Upassunge vum Tracé vun der N10 am Beräich Rëmerschen an Iechternach gouf et 1995 am Kader vun der Ëmklasséierung vun Deeler vum staatleche Stroossereseau[5];

Erneierung vun der Strooss[6] änneren

Scho virun 2014 war festgestallt ginn, datt d'Strooss op der Streck tëscht der Doosber Bréck a Maarnech an engem ganz schlechten Zoustand war an den Deputéierten André Bauler hat beim Transportminister intervenéiert fir datt d'Strooss an d'Rei gesat sollt ginn[7]. Éischt Pläng fir d'Erneierung vun der Strooss konnten net realiséiert ginn, well se keen Accord vun der Ëmweltverwaltung kruten. Et goufen dunn 2016 zousätzlech Etüde gemaach, fir datt d'Strooss am Konsens tëscht dem Sécherheetsaspekt an der Ëmwelt erneiert kéint ginn[8].

D'Sanéierungsaarbechte konnte schlussendlech Mëtt Abrëll 2019 ufänken a goufen de 25. September 2020 ofgeschloss.

D'Streck gouf deelweis méi breet gemaach (6 Meter) an de Käschtepunkt fir de Reamenagement vun der 4,22 km laanger Streck beleeft sech op 4 Milliounen Euro.

  • Mam Gesetz vum 15. Dezember 2021 iwwert d'Reklassement vum Stroossereseau goufen d'Gemengestrooss Rue Ermesinde (bis dohin CR366) an d'Rue Charly zu Iechternach bei d'N10 geschloe fir den Tracé vun der Nationalstrooss duerch d'Abteistad duerchgängeg ze maachen; d'N10 ass domat ëm 646 m. „gewuess“[2].

Biller änneren

Um Spaweck änneren

Commons: Nationalstrooss 10 – Biller, Videoen oder Audiodateien

Referenzen an Notten änneren

  1. Rankingen op RTL.lu: Déi längsten Nationalstroossen zu Lëtzebuerg sinn?. www.rtl.lu. Gekuckt de(n) 2021-01-31.
  2. 2,0 2,1 (fr)Loi du 15 décembre 2021 concernant le reclassement partiel de la voirie et la reprise par l'État d'une série de chemins vicinaux et portant modification de l'article 6bis de la loi modifiée du 16 août 1967 ayant pour objet la création d'une grande voirie de communication et d'un fonds des routes. legilux.public.lu (15.12.2021). Gekuckt de(n) 06.04.2023.
  3. Tunnel in Echternach. Wort.lu (2013-12-23). Gekuckt de(n) 2021-01-30.
  4. Topographesch Kaart vun 1964. geoportail.lu (1964). Gekuckt de(n) 31.01.2021.
  5. Loi du 22 décembre 1995 concernant le reclassement partiel de la voirie et la reprise par l'Etat d'une série de chemins vicinaux. - Legilux. legilux.public.lu. Gekuckt de(n) 2021-01-31.
  6. Streck tëscht Doosber-Bréck a Maarnech nees fir den Trafic op. www.rtl.lu (28.09.2020). Gekuckt de(n) 28.09.2020.
  7. Question N°0630 de Monsieur André Bauler concernant Réaménagement de la N10 entre Dasbourg et Marnach. www.chd.lu/ (16.10.2014). Gekuckt de(n) 28.09.2020.
  8. Réponse du Ministre du Développement durable et des Infrastructures à question N°2787 de Monsieur André Bauler concernant Route nationale N10 entre Dasbourg et Marnach. www.chd.lu. Gekuckt de(n) 28.09.2020.