Gemeng Bäerdref

lëtzebuergesch Gemeng Kanton Iechternach

D'Gemeng Bäerdref (lokal: Bäertref[1],[2]) ass eng vun den 100 lëtzebuergesche Gemengen. Se läit am Kanton Iechternach an de Chef-lieu vun der Gemeng ass d'Uertschaft Bäerdref vun där se och hiren Numm huet.

Gemeng Bäerdref
d'Märei vu Bäerdref
Aussprooch
An anere Sproochen fr: Berdorf
de: Berdorf
Land Lëtzebuerg
Kanton Kanton Iechternach
Chef-lieu Bäerdref
Buergermeeschter Joé Nilles
Awunner 2.219
  1. Januar 2023
Fläch 2.192,4446 ha
Héicht 343 m
Koordinaten 49° 49’ 17’’ N
      06° 20’ 58’’ O
LAU-Code LU1003
Websäit http://www.berdorf.lu/

Uertschaften a Lieu-diten an der Gemeng[3] änneren

Uertschaften änneren

Lieu-diten änneren

Zu der Gemeng Bäerdref gehéieren och nach déi heiten Häff a Lieu-diten :

Kadastersektiounen änneren

D'Gemeng Bäerdref huet dräi Kadastersektiounen:

  • A de Bollendorf-Pont mat 440,7323 ha
  • B de Berdorf mat 841,9710 ha
  • C de Bois et Fermes mat 909,8333 ha

Mam Zil vun enger administrativer Vereinfachung gouf d'Grenz tëscht de Gemenge Bäerdref a Konsdref mam Gesetz vum 27. Juli 2022[4] ugepasst. D'Uertschaft Kalkesbaach déi virdrun um Gebitt vun de zwou Gemeng louch, gehéiert zanterhier ganz zur Gemeng Bäerdref. Duerch den Tosch vun de Parzellen ass d'Fläch vun der Gemeng Bäerdref ëm 9,20 Ar méi grouss ginn.

Geographie änneren

D'Uertschaft Bäerdref läit an der Mëtt vun engem Héichplateau, deen (ausser am Südwesten) vun déiwen Däller, déi duerch d'Sauer, d'Schwaarz Iernz an d'Äsbech an de Sandstee gegruewe gi sinn, ëmginn ass. D'Uertschafte Grondhaff, Bollenduerfer Bréck a Weilerbaach leien (der Flossrichtung no) nordwestlech bis ëstlech dovun am Sauerdall, iwwerdeems Kalkesbaach südlech vu Bäerdref, no bei der Grenz mat der Gemeng Konsdref, läit.

Vum Plateau erof lafen d'Ruelzbech an d'Wanterbaach an d'Schwaarz Iernz, d'Haalsbaach an d'Äsbech an dës an d'Sauer.

Geschicht änneren

Wopen änneren

  Beschreiwung am Originaltext:

D'or à la croix fleurdelisée de gueules accostée en chef de deux béquilles de Saint Antoine du même et accompagné en pointe d'un pont de trois arches de sable mouvant des flancs posé sur une rivière d'azur mouvant de la pointe.
D.C. 28. Dezember 1988 - A.M. - Mémorial B 1989 - Projet: Jean-Claude Loutsch 1983
D'Haaptemailer vum Wope sinn déi vun den Häre vu Beefort, an d'Kräiz mat de Liliespëtze symboliséiert d'Abtei Iechternach. Bäerdref selwer gëtt duerch d'Krätsche vum Hellegen Tunn duergestallt, deen ee vun de Patréiner vun der Par ass. D'Bréck steet fir d'Uertschaft Bollenduerfer Bréck a symboliséiert d'Bréck iwwer d'Sauer. Se ass schwaarz well dat un d'Faarf vum Kräiz aus dem Wope vun den Häre vu Bollendorf erënnert.

De Wope gouf an där Form vum Gemengerot an der Sëtzung vum 28. Dezember 1988 ugeholl, an duerch Arrêté ministériel 1989, agreéiert. (Mémorial B)

D'Haaptemailer vum Wope sinn déi vun den Häre vu Beefort, an d'Kräiz mat de Liliespëtzte symboliséiert d'Abtei Iechternach. Bäerdref selwer gëtt duerch d'Krätsche vum Hellegen Tunn duergestallt, deen ee vun de Patréiner vun der Par ass. D'Bréck steet fir d'Uertschaft Bollenduerfer Bréck a symboliséiert d'Bréck iwwer d'Sauer. Se ass schwaarz well dat un d'Faarf vum Kräiz aus dem Wope vun den Häre vu Bollenduerf erënnert.

Entwécklung vun der Awunnerzuel änneren

Quell:STATEC

Politik änneren

Buergermeeschteren änneren

  • 1817 - 1825: Pierre Wagener[5]
  • 1825 - 1836: Mathias Speller
  • 1837 - 1848: Mathias Stronck
  • 1849 - 1858: Theodor Muller
  • 1859 - 1860: Christian Hubert
  • 1861 - 1872: Michel Muller
  • 1873 - 1887: Peter Kinnen
  • 1888 - 1896: Jean Schoos
  • 1897 - 1914: Theodore Kinnen
  • 1915 - 1932: Michel Ries
  • 1933 - 1934: Pierre Groff
  • 1935 - 1945: Jean Huss[6]
  • 1946 - 1951: Mathias Speller
  • 1952 - 1975: Theodore Hubert
  • 1976 - 1987: René Kartheiser
  • 1988 - 2005: Georges Konsbruck
  • 2005 - 2017: Ernest Walerius
  • zanter 2017: Joe Nilles

Interkommunal Syndikater änneren

D'Gemeng Bäerdref ass Member vu follgenden interkommunale Syndikater:

Leit aus der Gemeng änneren

Kuckt och änneren

Um Spaweck änneren

Commons: Bäerdref – Biller, Videoen oder Audiodateien

Referenzen änneren

  1. Logo vun der "Gemeng Bäertref"
  2. Lëscht vun den Uertschaften a Lieu-diten zu Lëtzebuerg. CPLL - Conseil permanent de la langue luxembourgeoise Archivéiert op 2020-08-11. Gekuckt de(n) 14.06.2020.
  3. D'Nimm vun den Uertschaften entspriechen deenen déi de Kadaster, unhand vu sengen Attributiounen déi am Gesetz vum 25. Juli 2002 portant réorganisation de l’administration du cadastre et de la topographie festgehale sinn, opgestallt huet, an déi am «Registre national des localités et des rues» opgezielt sinn. Häff a Lieu-diten sinn déi localités wéi se zousätzlech am Annuaire officiel d'Administration et et de législation 2000 ënner III. Annexes opgelëscht sinn.
  4. Legilux. legilux.public.lu. Gekuckt de(n) 2022-09-04.
  5. Bis 1934: Bäertrëffer Gemengenzeitung 3/2012, S.15.
  6. Vun 1935 bis 2017: Bäertrëffer Gemengenzeitung 2/2017, S.18-19.