Äsbech
Baach zu Lëtzebuerg
D'Äsbech ass eng Baach, déi An der Heeschbech, südlech vu Bäerdref, entspréngt an no zirka 3 km tëscht der Weilerbaach an Iechternach an d'Sauer leeft.
D'Äsbech kuerz virum Zesummelaf an d'Sauer | |
Längt | 3 km |
---|---|
Originn | |
Originn | Quell |
Plaz |
Bäerdref Haasselswiss |
Héicht | 337 m |
Koordinaten |
49° 48’ 44.9’’ N 6° 20’ 51.5’’ O |
Konfluenz | |
Leeft an | Sauer |
Plaz |
tëscht Weilerbaach an Iechternach |
Héicht | 157 m |
Koordinaten |
49° 49’ 18.9’’ N 6° 23’ 52.5’’ O |
Haaptnieweflëss | Haalsbaach |
Geographie | |
Land | Lëtzebuerg |
Op hirem kuerze Laf, bei deem se eng 150 Meter Héichtenënnerscheed zeréckleet, schlängelt se sech duerch d'Sandsteefielse vun der Klenger Lëtzebuerger Schwäiz erduerch a leeft laanscht Fielsformatioune wéi d'Huel Lee, de Malakoff-Tuerm oder de Perekop.
Op der Héicht vum Perekop hëlt se vu lénks d'Haalsbaach op.
Op hirem mëttelste Laf ginn iwwer de Pad, deen niewendrun ass, d'Europäesch Wäitwanderweeër E2 an E3.
Kuckt och änneren
- Lëscht vun de lëtzebuergesche Waasserleef
- Lëscht vun de lëtzebuergesche Waasserleef mat hiren Anzuchsgebidder
Biller änneren
Um Spaweck änneren
Commons: Äsbech – Biller, Videoen oder Audiodateien |