De Paul Reiles, gebuer de 14. Dezember 1940 an der Stad Lëtzebuerg,[1] ass e lëtzebuergesche Jurist.

Paul Reiles
Gebuer 14. Dezember 1940
Nationalitéit Lëtzebuerg
Aktivitéit Jurist

Vun 1989 bis 2005 war hien Direkter vum Nationalmusée fir Geschicht a Konscht an der Stad Lëtzebuerg a vun 1991 bis 2012 President vum Fonds culturel national. Zanter 1996 ass hie President vum Casino Lëtzebuerg - Forum fir zäitgenëssesch Konscht a Vizepresident vun der Fondation Musée d'Art Moderne Grand-Duc Jean.

Vun 2010 bis 2013 war hie President vun der Commission des sites et monuments nationaux.[2]

Gielchen änneren

Referenzen änneren

  1. Luxemburger Lexikon, 1. Oplo, 2006, S. 357
  2. Arrêté ministériel du 10 mars 2010 portant nomination des membres de la Commission des sites et monuments nationaux, publizéiert am Mémorial B Nr 33 vum 26 Abrëll 2010, Ss. 472-473
  3. Ministère de la Culture PROMOTION 2004 DANS LES ORDRES NATIONAUX