Joseph Meyers

lëtzebuergesche Linguist
Dësen Artikel beschäftegt sech mat Linguist an Historiker Joseph Meyers. Fir de Moler Josy Meyers, kuckt wgl. Josy Meyers.


De Joseph (Josy) Meyers, gebuer den 19. August 1900 zu Rodange a gestuerwen de 5. Oktober 1964 um Lampertsbierg, war e lëtzebuergeschen Historiker a Sproochfuerscher.

Joseph Meyers
Gebuer 19. August 1900
Rodange
Gestuerwen 5. Oktober 1964
Lampertsbierg
Nationalitéit Lëtzebuerg
Aktivitéit Historiker, Linguist, Lycéesprofesser

Hie war Lycéesprofesser am Kolléisch, Chargé de cours op der Universitéit vu Léck an Auteur vu Studien iwwer d'Siidlungsgeschicht vu Lëtzebuerg a vu Schoulbicher iwwer d'Lëtzebuerger Geschicht. Hie war Member vun der Section de linguistique, d'ethnologie et d'onomastique vum Institut grand-ducal a vun der Dictionnaires-Kommissioun. Seng Spezialitéit war d'Etymologie vun den Uerts- a Flouernimm. 1960 gouf hie Conservateur-directeur vum Staatsmusée.

Wierk (Auswiel) änneren

  • Studien zur Siedlungsgeschichte Luxemburgs (mat 19 Kaarten a 5 Tabellen am Text); Lëtzebuerg (Krippler & Cie), 1976 (= 3. Oplo; 1. Oplo = 1932!).
  • Geschichte Luxemburgs ; Lëtzebuerg (Verlag Paul Bruck), 1969 (= 7. Oplo); Stoung bis 1974 op der Lëscht vun de Schoulbicher zu Lëtzebuerg.
  • Siedlung und Flur in Luxemburg ; in: Les Cahiers luxembourgeois, Jg. 20 (1948), Heft Nr.1, Ss. 29-34;
  • Geschichte Luxemburgs ; Lëtzebuerg (Verlag "Der Freundeskreis"), 1940.
  • La préhistoire et les temps des Romains au Grand-Duché de Luxembourg ; in: L'Art au Luxembourg, Bd. 1; Lëtzebuerg (Sankt-Paulus-Verlag), 1966; Ss. 17-108.