Den NGC 2060 ass en astronomeschen Niwwel, deen aus Reschter vun enger Stärenexplosioun resultéiert, et ass also e Reschtdeel vun enger Supernova änlech dem bekannte Krabbniwwel. Den NGC 2060 läit am Tarantelniwwel am Stärebild Dorado um südleche Stärenhimmel.

NGC 2060
Foto, opgeholl mam Hubble-Weltraumteleskop.
Stärebild Dorado (Dor)
Positioun fir d'Equinoxe J2000.0
Rektaszensioun 05h 37m 51,6s
Deklinatioun - 69° 10' 21,5"
Ausgesinn
Visuell Magnitude 9,6 mag
Visuell Magnitude
(B-Band)
9,7 mag
Wénkelduerchmiesser 3,1' × 2,4'
Physikalesch Donnéeën
Gehéiert zu Magellanesch Wolleken
Distanz (Lj) 173.000
Absolutten Duerchmiesser 156
Geschicht
Entdecker John Herschel
Entdeckungsdatum 1836
Katalog- an Entdeckerbezeechnungen
IRAS 05381-6912
NGC 2060
ESO 57-EN1
J05375156-6910237

Hie gouf am Joer 1836 vum Astronom John Herschel entdeckt.

Am Zentrum gouf 1998 e Pulsar (PSR J0537-6910) mat enger Period vu 16 ms entdeckt, deen viru 5000 Joer bei der Supernova och aus dem Stär entstanen ass.

Kuckt och änneren

  Portal Astronomie

Um Spaweck änneren

Commons: NGC 2060 – Biller, Videoen oder Audiodateien