De Schwäertfësch, laténgesch Dorado ass e Stärebild um südleche Stärenhimmel.

Date vum Stärebild Dorado
Lëtzebuergeschen Numm Dorado oder Schwäertfësch
Laténgeschen Numm Dorado
Laténgesche Geenitiv Doradus
Laténgesch Ofkierzung Dor
Positioun südlechen Himmel
Rektaszensioun 3h 53m bis 6h 36
Deklinatioun -48° 40’ bis -70° 05’
Fläch 179 Quadratgrad
Siichtbar op de Breetegraden 20° Nord bis 90° Süd
Observatiounszäitraum
fir Mëtteleuropa
net ze gesinn
Stäre mat
Gréisst < 3m
keen
Hellste Stär,
Gréisst
α Doradus,
3,27m
Meteorstréim -
Nopeschstärebiller
(vun Norden am
Auerzäresënn)
Caelum
Horologium
Reticulum
Hydrus
Mensa
Piscis Austrinus
Pictor
Kaart vum Stärebild Dorado

Beschreiwung änneren

Den Dorado ass kee markant Stärebild. Et besteet aus e puer Stären, déi sou ausgesinn, wéi wa si un enger Päreleschnouer géifen hänken. D'Stärebild ass südwestlech vum Canopus, deem zweethellste Stär um Südhimmel, ze fannen.

Am Dorado ass och de gréissten Deel vun der Grousser Magellanescher Wollek ze fannen.

Wéinst senger südlecher Positioun kann dat Stärebild net vun Europa aus gesi ginn.

Geschicht änneren

Den Dorado ass eent vun deenen 12 Stärebiller, déi um Enn vum 16. Joerhonnert vun den hollännesche Séifuerer Pieter Dirkszoon Keyser a Frederik de Houtman agefouert goufen. Fréier huet dat Stärebild "Goldfësch" geheescht. De Johannes Bayer huet d'Stärebild am Joer 1603 a säin Himmelsatlas Uranometria opgeholl.

Himmelsobjeten änneren

Stären änneren

B F Nimm o. aner Bezeechnungen Gréisst Lj Spektralklass
α 3,30m 200 A0 III
β 3,5 bis 4,1m 8000 F8 Ia
γ 4,26m 70 F3 V
δ 4,34m
36 4,65m
ζ 4,71m
θ 4,81m
η2 5,01m
ν 5,06m
ε 5,10m
λ 5,14m
κ 5,28m
28 5,34m
π2 5,37m
π1 5,56m
η1 5,72m

Den α  Doradus, den hellste Stär am Dorado, ass 200 Liichtjoer vun eis ewech. De Stär liicht wäiss a gehéiert zu der Spektralklass A0 III.

Verännerlech Stären änneren

Stär Gréisst Period Typ
β 3,5m–4,1m 9,842 Deeg Cepheiden

Den β Doradus ass ee verännerleche Stär vum Typ Cepheiden. Seng Hellegkeet verännert sech mat enger Period vun 9,842 Deeg. De Stär läit 8.000 Liichtjoer vun eis ewech

NGC-Objeten änneren

NGC divers Gréisst Typ Numm
LMC 5m Galaxie Grouss Magellanesch Wollek
1549 9,8m Galaxie
1553 9,4m Galaxie
1566 9,7m Galaxie
1672 9,7m Galaxie
1755 Kugelstärekoup
1763 Emissiounsniwwel
1820 Oppene Stärekoup
1850 Kugelstärekoup
1854 Kugelstärekoup
1869 Oppene Stärekoup
1901 Oppene Stärekoup
1910 Oppene Stärekoup
1936 Emissiounsniwwel
1974 Stärekoup
1978 Oppene Stärekoup
2002 Oppene Stärekoup
2027 Oppene Stärekoup
2032 Emissiounsniwwel
2070 5,4m Emissiounsniwwel Tarantelniwwel
2080 10,42m Emissiounsniwwel
2157 Oppene Stärekoup
2164 Kugelstärekoup

Déi Grouss Magellanesch Wollek (englesch: Large Magellan Cloude (LMC)) ass den hellsten a gréissten niwwelegen Objet um Nuetshimmel. Den Niwwel huet eng Ausdeenung vu 5-mol 6°. Et handelt sech ëm eng kleng Begleetgalaxie vun eiser Mëllechstrooss op enger Distanz vun zirka 160.000 Liichtjoer. An hir si vill Stärekéip an Niwwelen, wéi z. B. den Tarantelniwwel. Am Joer 1987 war do eng Supernova opgetrueden, si war déi äerdnoosten zanter 383 Joer.

Den Tarantelniwwel (NGC 2070) ass en Emissiounsniwwel an der Grousser Magellanescher Wollek an 160.000 Liichtjoer vun eis ewech. Den Niwwel huet déi 5.000fach Liichtkraaft vum Orionniwwel an ass de gréisste bekannten Objet vu senger Aart am Universum. D'Strukture vum Niwwel gläichen enger Spann a ginn dem Objet sou hiren Numm.

Weider fënnt een am Dorado vill Galaxien, déi ganz wäit ewech leien, z. B.: NGC 1549, NGC 1553, NGC 1566 an den NGC 1672.

Kuckt och änneren

  Portal Astronomie

Um Spaweck änneren

Commons: Dorado – Biller, Videoen oder Audiodateien