Mat J2000.0 gëtt déi aktuell gëlteg Standard-Equinoxe vun der Astronomie bezeechent, op déi sech all Himmelskoordinate vu Stären a vun de meeschten aneren Himmelkierper bezéien.

D'Definitioun vun "Epochen" ass noutwendeg, well sech d'Bezuchssystem vun den Himmelskoordinaten duerch d'Prezessioun an aner Effete lues dréint. De Fréijoerspunkt (Urspronk vun der RA-Koordinatenzielung) verréckelt sech doduerch ëm ronn 50" all Joer.

Mat dem Iwwergank vum Prezisiouns-Stärekatalog FK4 op den FK5, wann een interferometresch Miessungen zu extragalaktesche Radiosquellen (VLBI) mat abezitt, ass et méiglech ginn, déi Verännerunge méi genee wéi 0,01" ze definéieren.

Bis 1990 war déi allgemeng gebraucht Standardepoch den Zäitpunkt 1950.0 – op him hu sech zanter 1930 all Stärekataloge, déi meescht Bunnelementer an aner verännerlech Date bezunn. Virdru waren ë. a. d'Epochen 1920, 1900 an 1875 am Gebrauch.

J2000.0 entsprécht dem Festleeë vum Fundamentalsystem op den 1. Januar 2000 um (ongeféier) 12:00 UTC (Julianeschen Datum 2.451.545,0). De J weist un, datt et sech ëm eng julianesch Epoch handelt, wéi se zanter 1984 ugewannt gëtt - am Géigesaz zu B1950.0, déi no der zanter 1800 gebräichlecher Theorie, als der Bessel-Epoch definéiert war.

Kuckt och änneren