Mill Majerus

lëtzebuergesche Politiker a Sexolog
Dësen Artikel iwwer e Politiker ass eréischt just eng Skizz. Wann Dir méi iwwer dëst Theema wësst, sidd Dir häerzlech invitéiert, aus dëse puer Sätz e richtegen Artikel ze schreiwen. Wann Dir beim Schreiwen Hëllef braucht, da luusst bis an d'FAQ eran.

De Mill Majerus, gebuer de 7. Mäerz 1950 zu Klierf, gestuerwen den 1. Abrëll 2011, war e lëtzebuergesche Politiker a Sexolog.

Mill Majerus
Gebuer 7. Mäerz 1950
Gestuerwen 1. Abrëll 2011
Nationalitéit Lëtzebuerg
Aktivitéit Politiker
Partei CSV
Famill
Kanner Benoît Majerus
Schëld vun der Plaz Mill Majerus zu Fëschbech.

Bis 2009 war hie Regierungsconseiller am Familljeministère.

Vum 8. Juli 2009 bis zu sengem Doud war hien CSV-Deputéierten an der Chamber. Hie war de President vun der Familljen- Jugend- a Gläichberechtegungskommissioun.

Hie war President vun der Asbl Omega 90, wou hien 2009 den Nofollger vum Jean-Paul Lehners gouf.

Zesumme mat senger Fra, der Simone Majerus-Schmit, hat hien d'Hotline vun der kathoulescher Kierch fir d'Affer vu sexueller, physescher oder psychescher Gewalt koordinéiert.

De Mill Majerus, dee bei engem Autosaccident tëscht dem Stafelter an Eesebuer ëm d'Liewe koum, war bestuet a Papp vu sechs Kanner.

Bibliographie änneren

  • Mill Majerus, Liebesworte: Antworten auf Fragen Jugendlicher zu Liebe und Sexualität (München: Dt. Katecheten-Verein, 1985).
  • Mill Majerus and Catherine Majerus, Uber Sex und Liebe reden: ein Ratgeber für Eltern und alle, die Jugendliche begleiten (München: Kösel, 2007).

Gielercher änneren

Um Spaweck änneren

Commons: Mill Majerus – Biller, Videoen oder Audiodateien

Referenzen änneren

  1. Memorial B n° 52 vun 1998 mat der Lëscht vun de Leit déi 1998 eng national Auszeechnung kritt hunn
  2. Copie vum Quotidien vum 19. juni 2008 op der Websäit vun der Chambre de Commerce Archivéiert op 2016-03-04. Gekuckt de(n) 2013-01-16.