Meton (Moundkrater)

Moundkrater

De Meton representéiert eng Terrainsformatioun um Äerdmound, déi aus ville Kratere besteet déi zesummenhänken a déi mat Lava gefëllt goufen. Déi iwwreggebliwwe Fläch, déi vun enger Mauer begrenzt gëtt huet d'Form vun engem Kléiblat. Si steet nërdlech vum Mare Frigoris. De Krater Barrow schléisst sech um südwestleche Rand un. Am Nordwesten ass de Scoresby an am Osten de Baillaud an den Euctemon.

Meton
Koordinaten 73°34'12"N, 19°37'48"O
Duerchmiesser 125 km
Déift 2.600 m
Genannt no Meton
Genannt am Joer 1935
Moundvéiereck LQ01

Niewekrateren änneren

Meton Latitude Longitude Diameter
A 73.3° N 31.3° E 14 km
B 71.2° N 18.0° E 6 km
C 70.6° N 19.0° E 77 km
D 72.2° N 24.7° E 78 km
E 75.3° N 15.3° E 42 km
F 72.0° N 14.2° E 51 km
G 72.9° N 28.4° E 10 km
W 67.4° N 17.3° E 7 km

Kuckt och änneren

  Portal Astronomie

Um Spaweck änneren