Baillaud (Moundkrater)

Moundkrater

Den Aschlagkrater Baillaud läit no beim Nordpol vum Äerdmound. Säi Rand ass staark erodéiert an duerch vill Aschléi ëmfaasst de Krater en hiwwelege Grat. Am Nordoste gëtt hien deelweis vum Krater Euctemon iwwerlagert, wouduerch hien no Nordwesten ausgebëlzt ass. Am Süde feelt de Rand ganz an de Krater ass do mat engem Lavafeld verbonnen.

Baillaud
Koordinaten 74°36'36"N, 37°21'0"O
Duerchmiesser 89,4 km
Déift 1.760 m
Selenographesch Längt 328° bei Sonnenopgank
Genannt no Benjamin Baillaud
Genannt am Joer 1935
Moundvéiereck LQ01

Den Interieur vum Moundkrater Baillaud ass duerch fréier Lavastréim iwwerschwemmt ginn, soudatt seng glat Fläch sech duerch vill kleng Krater an der westlecher Hallschent charakteriséiere léisst. An him ass den Niewekrater Baillaud E.

Et gëtt weeder en Zentralbierg nach aner signifikant Graten am ganze Moundkrater. Am südwestlechen Ëmfeld vum Krater läit de Krater Meton a weider am Osten de Krater Petermann.

D'Verkierzung vun der Siichtlinn op d'Äerd ass verantwortlech dofir, datt de Moundkrater Baillaud längelzeg ausgesäit.

Ugrenzend Krateren änneren

Normalerweis fënnt een op Moundkaarte de Buschtaf op der Säit vum Kratermëttelpunkt, deen am nächste beim Baillaud läit.

Baillaud Breet Längt Duerchmiesser
A 75,7° N 48,8° O 56 km
B 73,0° N 33,3° O 17 km
C 75,0° N 51,4° O 11 km
D 73,6° N 49,7° O 16 km
E 74,3° N 36,0° O 14 km
F 75,7° N 53,7° O 20 km

Kuckt och änneren

  Portal Astronomie

Literatur änneren

Um Spaweck änneren