D'Südpol-Aitken-Becken ass de gréissten Aschlagkrater um Äerdmound an dee gréisste bekannten aus eisem Sonnesystem. Deen zweetgréissten ass den Hellas Planitia um Mars.

D'Südpol-Aitken-Becken no Date vun der Sond Clementine

D'Becken huet en Duerchmiesser vun 2.240 km a reecht vum Äerdmound-Südpol bis bei de Krater Aitken op der Äerdmoundrécksäit an ass bis 13 km déif (aner Date verweisen op 2.500 km an 12 km Déift). Et huet keen opfällege Kraterrand.

Ënnersichunge vun der Clementine-Missioun an dem Lunar Prospector leeën d'Méiglechkeet no, datt op der Plaz vum Südpol-Aitken-Becken e ganz groussen Aschlagkierper d'Moundkuuscht duerchstouss a méiglecherweis Mantelgestengs fräigeluecht huet. Nom Impakt, duerch deen d'Becken entstane war, gouf et duerch weider Aschléi vu villen anere Krateren iwwerzunn. Et ass méiglech, datt an de polnoe Kratere souguer Waasseräis ass, wou d'Material eventuell aus externe Quelle staamt – also beim Aschlag vun aneren Himmelskierper „matbruecht“ gouf. Wéinst der Lag um Südpol ginn déif Deeler vum Becken ni vun der Sonn ugestraalt, soudatt sech d'Waasseräis bis haut kéint gehalen hunn.

Kuckt och änneren

  Portal Astronomie

Um Spaweck änneren