Luxembourg Marching Band

Gesellschaftsform a.s.b.l.
Grënnungsjoer 2006
President Dan Foetz
Dirigent Yannick Genot (2006-)
Daachverband UGDA
Websait lumaband.lu

D'Luxembourg Marching Band (och: Lumaband) ass eng Marching Band déi sech aus Perkussiouns-, Holz- a Blechblosinstrumenter zesummesetzt. D'Luxembourg Marching Band ass e Veräin ouni Gewënnzweck (a.s.b.l.) dee bei der Union Grand-Duc Adolphe (UGDA) affiliéiert ass. D'Band gouf 2006 gegrënnt an huet hire Sëtz zu Déifferdeng.

Historique änneren

D'Lumaband ass déi éischt a bis ewell och eenzeg lëtzebuergesch Marching Band. Nodeems sech 2005 eng Grupp vun 32 Musikanten zesummegedoen hat, gouf d'Band offiziell den 1. Mäerz 2006 zu Déifferdeng gegrënnt. Kuerz drop, den 30 Mäerz, goufen d'Statute beim Registre de Commerce et des Sociétés (RCSL) deposéiert. De Grënnungscomité huet sech zesummegesaat aus dem Philippe Genot (President), Yannick Genot (Dirigent), Tom Genot (Keessier), Tom Scholtes (Secrétaire), Benoît Schmeler (Vice-President), Dan Foetz, Fernand Schmeler a Sonia Klein. Hire musikalesche Repertoire an hir Formatiounen orientéieren an inspiréieren sech un dem Modell vun de modernen amerikanesche Marching Banden déi et esou schonn zënter dem 19. Joerhonnert gëtt.

Aktivitéiten änneren

 
D'Luxembourg Marching Band an Aktioun an der Groussgaass zu Lëtzebuerg (2019).

Zu de reegelméissegen Aktivitéite vun der Luxembourg Marching Band gehéiere Concerten am An- an Ausland (Frankräich, Belsch, Däitschland, Italien) wéi awer och d'Organisatioun vu sportlechen (Luma Band Summer Cup, 2007-2017) a kulturellen (Lëtzebuerger Dag, 2018) Evenementer. Zu Lëtzebuerg trëtt d'Lumaband reegelméisseg op Kavalkaden an diverse Festivallen op. Zanter 2010 gëtt am Zweejorestakt am « Centre sportif » zu Déifferdeng e Galaconcert organiséiert, d'Luxembourg Marching Band Show.

Follgend Optrëtter vun der Luxembourg Marching Band sinn ervirzehiewen:

Am Joer 2018 hat d'Lumaband 40 aktiv Musikanten. De Grënnungsmember Yannick Genot dirigéiert a leet d'Band zanter 2006.

Leedung änneren

Dirigenten (musical director) änneren

  • 2006-haut: Yannick Genot

Presidenten änneren

  • 2006-2009: Philippe Genot
  • 2009-2012: Yannick Genot
  • 2012-2016: Benoît Schmeler
  • 2016- : Dan Foetz

Kuckt och änneren

Um Spaweck änneren