De Stade Josy-Barthel ass e Sportsstadion op der Areler Strooss, am Stater Quartier Belair. E gouf 1931 ageweit gouf fir Foussball, Liichtathleetik a Rugby benotzt.

Stade Josy-Barthel
Baujoer 1928-1931
Renovéiert 1989-1990
Opgaangen 1931
Zougemaach 2021
Veräin National
Kapazitéit
Total 8.054 (UEFA)
Éierentribün 105
Press 83


Bis 2021, wéi bis de Stadion vu Lëtzebuerg fäerdeg gouf, war et dee gréisste Stadion am Land an och den nationale Foussballstadion vu Lëtzebuerg.

Geschicht änneren

 
D'Haapttribün (2007)

De Stade Josy Barthel gouf tëscht 1928 an 1931 gebaut an huet Ufanks nach Stade Municipal geheescht. 1989-1990 ass e komplett renovéiert ginn. Zanter dem Juli 1993 ass en nom bekannte lëtzebuergesche Sportler a Politiker Josy Barthel benannt, deen 1952 bei den Olympesche Spiller eng Goldmedail gewonnen huet.[1]

De Stadion huet 8.054 Plazen,[2] vun deenen der ronn 1.300 iwwerdeckt sinn.[3] Nieft dem Foussballterrain (105 × 68 Meter) mat Naturwiss huet de Stade Josy Barthel och eng sechsspuereg Liichtathleetikanlag.

De Stade Josy Barthel ass de fréiere Stadion vum C.A. Spora Lëtzebuerg (haut Racing FC Union Lëtzebuerg). Déi meescht international Foussballmatcher um Niveau vun der UEFA an der FIFA, déi doheem vun der lëtzebuergescher Nationalekipp bestridde ginn, goufe bis 2021 op dësem Terrain gespillt. Och de Liichtathleetikclub CSL huet do trainéiert, a verschidde Matcher vun der lëtzebuergescher Rugby-Union-Nationalekipp am Kader vun de Qualifikatiounsspiller fir d'Rugby-Union-Weltmeeschterschaft 2015 goufen am Stade Josy Barthel gespillt.

D'Zukunft vum Stadion änneren

2012 ass an de lëtzebuergesche Medie vill iwwer d'Pläng geschwat ginn, fir zu Léiweng en neien Nationalstadion mat engem Akafszentrum ze bauen; déi Pläng goufen awer vun der Regierung verworf. Och d'Gemeng Déifferdeng hat eng Kandidatur agereecht, fir de Stade Municipal zu Uewerkuer zum Nationalstadion auszebauen.[4],[5]

Am November 2012 gouf bekannt gemaach, datt de Stade Josy Barthel géif renovéiert ginn. Dem FLF-President Paul Philipp no misst dat séier geschéie well Lëtzebuerg soss keen UEFA-konforme Stadion méi hätt an déi lëtzebuergesch Clibb an d'Nationalmannschaft da vun europäesche Kompetitioune kéinten ausgeschloss ginn.[6] Well ee Joer drop nach ëmmer näicht geschitt war, ass den UEFA-President Michel Platini am September 2013 op Invitatioun vun der FLF op Lëtzebuerg komm an huet de schlechten Zoustand vum Stade Josy Barthel staark kritiséiert.[7]

2014 goufen d'Renovationspläng awer nees verworf an de Bau vun engem neien Nationalstadion op der Kockelscheier ugekënnegt. D'Bauaarbechten dofir hunn 2017 ugefaangen a waren 2021 ofgeschloss. Zanterhier ass de Stadion vu Lëtzebuerg neie Nationalstadion.

Den Areal wou de Stade Josy Barthel läit (abegraff ë. a. déi al Kasär vun de Stater Beruffspompjeeën) ass vun der Stad Lëtzebuerg als neie "Wunnquartier Stade" ausgeruff ginn. Den 8. Dezember 2021 gouf de Gewënnerprojet vun engem Architekteconcours, de Projet STADePARK, virgestallt.[8] Dëse gesäit vir, d'Fläch vum Stade an e klenge Park ëmzewandelen, an de Rescht ronderëm mat Appartementshaiser, Geschäfter an enger Schoul ze bebauen.[9]

Um Spaweck änneren

Referenzen änneren

  1. luxembourg2013.lu: Unique person for a unique place (Säit 3) (gekuckt den 20. Dezember 2013)
  2. Stade Josy Barthel op europlan-online.de (gekuckt den 20. Dezember 2013)
  3. profootball.lu: Das Stade Josy Barthel ist nicht mehr zeitgemäss - Wann erhält Luxemburg ein modernes, nationales Fussballstadion? (20. Oktober 2007, gekuckt den 28. Dezember 2013)
  4. differdange.lu: Stade national à Oberkorn: une solution économique et compacte à l'horizon 2014 (gekuckt den 28. Dezember 2013)
  5. mywort.lu: Differdingen bewirbt sich um Nationalstadion (9. Oktober 2013; gekuckt den 28. Dezember 2013)
  6. tageblatt.lu: Stade Josy Barthel wird renoviert(17. November 2012; gekuckt den 28. Dezember 2013)
  7. lequotidien.lu: Stade: il n'est plus l'heure d'en rire (26. September 2013; gekuckt den 28. Dezember 2013)
  8. "Wunnquartier Stade". Actualités op vdl.lu, 07.12.2021.
  9. 'Hortus Colossus'. Beschreiwung vum Projet vum TEAM 196971; gekuckt: 2021-12-14.