De Johann Franz Encke gebuer den 23. September 1791 zu Hamburg a gestuerwen de 26. August 1865 zu Spandau war en däitschen Astronom. Hien huet eng Ënnerdeelung vun de Saturnreng entdeckt, déi no him benannt gouf (Enkesch Deelung. De Cassini hat schonn eng aner 1675 entdeckt. Des Weideren huet hien och Koméitebunnen (z. B. den Enckesche Koméit, offiziell 2P/Encke) an Asteroidebunne berechent. D'Sonneparallaxbestëmmung war och eng vu sengen Aarbechten.

Johann Franz Encke
Gebuer 23. September 1791
Hamburg
Gestuerwen 26. August 1865
Berlin
Nationalitéit Kinnekräich Preisen
Educatioun Universitéit Göttingen,
Humboldt-Universitéit Berlin,
Gelehrtenschule des Johanneums
Aktivitéit Astronom, Universitéitsprofesser, Mathematiker
Member vun Royal Society, Däitsch Akademie vun den Naturfuerscher Leopoldina, Schweedesch Akademie vun de Wëssenschaften, Sankt Petersbuerger Akademie vun de Wëssenschaften, American Academy of Arts and Sciences, Russesch Akademie vun de Wëssenschaften, Preisesch Wëssenschaftsakademie, Accademia Nazionale delle Scienze, Bayeresch Wëssenschaftsakademie

De Johann Encke war de Jéngste vun aacht Kanner. Hien hat eréischt véier Joer, wéi säi Papp gestuerwen ass. D'Famill huet an aarme Verhältnesser gelieft. Nëmmen duerch d'finanziell Ënnerstëtzung vu sengem Schoulmeeschter konnt den Encke an e Lycée goen a spéider studéieren.

Vun 1811 studéiert hien zesumme mat dem Friedrich Nicolai beim Carl Friedrich Gauß op der Universitéit Göttingen Mathematik a Physik.

Am Joer 1813 ënnerbrécht den Encke säi Studium a geet bei d'Arméi. Als Patriot wollt hien hëllefen Däitschland vun den napoleoneschen Truppen ze befreien. No der Befreiung vun Hamburg huet hien am Hierscht 1814 säi Studium zu Göttingen nees opgeholl. Nodeem den Napoleon aus senger Verbannung, vun der Insel Elba, d'franséisch Truppen nees nei mobiliséiert huet, ass och den Encke zeréck (1815) bei d'Arméi gaangen an huet säin Déngscht als Läitnant fäerdeg gemaach. Wärend senger Arméizäit huet hien den Astronom a Staatsmann Bernhard von Lindenau kenne geléiert.

De Lindenau war Direkter am Observatoire vu Gotha. De Lindenau huet dem Encke 1816 eng Plaz als Assistent am Observatoire 1816 verschaf. 1820 gouf den Encke Vizedirekter an nodeem sech de Lindenau 1822 an d'Politik zeréckgezunn huet, huet den Enke d'Positioun vum Direkter iwwerholl. An där Zäit huet den Encke säi Wierk iwwer d'Sonneparallax fäerdeg geschriwwen. E kuerzperiodesche Koméit ass nom Encke benannt.

Op Recommandatioun vum Friedrich Bessel gouf den Encke 1825 Direkter vum Berliner Observatoire, deen awer net grad a beschtem Zoustand war. – Mat der Ënnerstëtzung vum Alexander von Humboldt an der Zoustëmmung vum preisesche Kinnek Friedrich III. gouf en Obsevatoire am Süde vu Berlin gebaut. Den neie Berliner Observatoire ass 1835 a Betrib geholl ginn an den Encke war den éischten Direkter.

Hien huet d'Stärekaart vun der Berliner Akademie iwwerschafft an huet d'astronomescht Joerbuch verbessert.

Am Joer 1837 huet hien eng 325 km breet Deelung vum Saturnrank entdeckt, déi haut Enckesch Deelung genannt gëtt. 1844 gouf hie Professer fir Astronomie op der Berliner Humboldt-Universitéit. Säin Nofollger gouf 1864 de Wilhelm Julius Foerster.

Fir seng Leeschtungen huet den Encke vill Auszeechnungen an Éierunge kritt. Vun der brittescher Royal Astronomical Society krut hien zweemol eng Goldmedail.

Zu sengem Gedenke goufen e Moundkrater um Äerdmound an den Asteroid (9134) Encke benannt.

Um Spaweck änneren

Commons: Johann Franz Encke – Biller, Videoen oder Audiodateien