American Academy of Arts and Sciences

D'American Academy of Arts and Sciences gouf am Joer 1780 wärend dem Onofhängegkeetskrich zu Cambridge (Massachusetts) ë. a. vum John Adams, James Bowdoin an John Hancock gegrënnt, fir eng geeschteg Elite, aus kultivéierte Membere vun der Regierung a wirtschaftleche Gréissten am Interessi vun der Weiderentwécklung vun der jonker Republik, zesummenzeféieren.

Sëtz vun der AAAS zu Cambridge

D'Gesellschaft vergëtt zanter 1839 u Wëssenschaftler, déi an Amerika schaffen, de Rumford-Präis fir Leeschtungen um Gebitt vun der Thermodynamik a vun der Optik.

„...to cultivate every art and science which may tend to advance the interest, honour, dignity, and happiness of a free, independent, and virtuous people.“ (aus der Charta).

Haut huet d'Akademie zwou Funktiounen:

  • d'Persoune vu grousser Genialitéit aus Wëssenschaft, Ausbildung, Wirtschaft a Konscht auszewielen an
  • e villschichtege Programm vu Projeten a Studien zum Notze vun der Mënschheet duerchzeféieren.

Déi jéngst Projete vun der Akademie konzentréiere sech op de Bedarf u Bildung a Fuerschung an op d'Gesondheet vun de verschiddene Mënschegruppen an de Vereenegte Staaten.

Um Spaweck änneren

Commons: American Academy of Arts and Sciences – Biller, Videoen oder Audiodateien