Giovanni Domenico Cassini

franséischen Astronom a Mathematiker

De Giovanni Domenico Cassini gebuer den 8. Juni 1625 zu Perinaldo, Italien a gestuerwen de 14. September 1712 zu Paräis, och de Jean-Dominique Cassini I. genannt, war e franséischen Astronom a Mathematiker mat italieenesche Wuerzelen.

Giovanni Domenico Cassini
Gebuer 8. Juni 1625
Perinaldo
Gestuerwen 14. September 1712
Paräis
Nationalitéit Frankräich
Educatioun Universitéit vu Bologna
Aktivitéit Selenograph, Geodet, Mathematiker, Astronom, Ingenieur, Astrolog, Biolog
Member vun Royal Society, Académie des sciences
Famill
Kanner Jacques Cassini

Säi Liewen änneren

De Cassini huet um Jesuittekolléisch zu Genua an zu Bologna studéiert a gouf duerch den Afloss vum fréiere Generol an deemolegem Senator Cornelio Malvasia 1650 den Nofollger vum Pater Bonaventura Cavalieri op der Universitéit vu Bologna als Professer fir d'Astronomie. Do huet hie Course ginn an euklidescher Geometrie an a ptolemäescher Astronomie, déi ënner der Doktrin vun der kathoulescher Kierch stoung.

Säin Interessi huet virun allem de Koméite gegollt. Weider huet hie prezis Sonnentafelen ausgeschafft an hien huet d'Rotatiounsdauer vu Venus, Mars a Jupiter souwéi d'Ëmlafzäite vun de Galiläesche Mounden ëm de Jupiter berechent. Opgrond vu senge Miessungen hat hie siwe Joer virun hirer Bestëmmung duerch den Ole Rømer de Verdacht vun enger endlecher Liichtvitess. 1669 ass de Cassini vum Kinnek Ludwig XIV. vu Frankräich zum Member vun der 1667 gegrënnter Académie des Sciences op Paräis beruff ginn, an huet sech do niddergelooss.

E Joer méi spéit ass de Cassini zum Direkter vum Paräisser Observatoire ernannt ginn. Obwuel den Observatoire net fir astronomesch Beobachtunge gëeegent war, huet hien trotzdeem seng Planéitebeobachtunge fortgesat. An de Joren 1671 an 1672 huet hien d'Saturnmounde Iapetus a Rhea, 1675 déi no him benannte Cassinesch Deelung vun de Saturnréng entdeckt, an huet 1684 zwéi weider Trabante vum Saturn fonnt: Tethys a Dione.

De Cassini huet dem Kepler seng Ellipsebunnen an dem Isaac Newton seng Gravitatiounstheorie net ugeholl. D'Planéitebunnen huet hien als Cassinesch Krëmmunge postuléiert.

1672 huet hien d'Sonneparallax bestëmmt, 1683 beschreift hien ausféierlech d'Zodiakalliicht. 1710 gëtt de Cassini blann, an zwee Joer méi spéit stierft hien. En ass zu Paräis an der Kierch St. Jacques-du-Haut-Pas begruewen.

Seng Nofollger als Direkter am Paräisser Observatoire goufe säi Bouf Jacques, säi Kandskand César François, a säin Urenkel Jean Dominique.

Nom Giovanni Domenico gouf de Cassini-Orbiter an den Asteroid (24101) Cassini genannt, ausserdeem gouf de Moundkrater Cassini no him an dem Jacques Cassini genannt.

Um Spaweck änneren

Commons: Giovanni Cassini – Biller, Videoen oder Audiodateien