De Jean Kraus, mam Uerdensnumm Frère Macédone, gebuer den 21. Abrëll 1897 zu Bidscht[1], a gestuerwen den 3. Mee 1975 zu Ciney[2] , war e lëtzebuergesche Geeschtlechen, Enseignant a Botaniker.

Jean Kraus
Gebuertsnumm Jean A. Kraus
Gebuer 21. Abrëll 1897
Bidscht
Gestuerwen 3. Mee 1975
Ciney
Aktivitéit Naturalist

Liewen änneren

De Jean Kraus war de Jong vun engem Schoulmeeschter.[3] Hien ass zu Chaumont, Bockryck a Lembeeke an d'Schoul gaangen an ass 1912 an d'Klouschter gaangen. 1922 huet hien zu Malonne säin Eed als Pater ofgeluecht.

Hie gouf Enseignant an huet zu Tamines, Léck, Jemappes a Rochefort am Kolléisch enseignéiert. 1963 gouf e pensionéiert.

Hien hat am Laf vun de Joren en Herbarium vun Dausende vu Planzen ugeluecht, déi en dem Staatsmusée (haut: Naturmusée) vermaach huet.

Referenzen änneren

  1. (de)Luxemburger Bruder feierte Diamantenes Ordensjubiläum. Luxemburger Wort. eluxemburgensia.lu (31, Oktober 1972). Gekuckt de(n) 2023-08-19.
  2. Avis de décès. In: Luxemburger Wort, 128. Jg., n° 106 (09.05.1975), p. 14. Digitised by the National Library of Luxembourg.
  3. Quell vun dësem Kapitel, wou net anescht uginn: A la mémoire du Révérend Frère Macédone. In: Luxemburger Wort, 128. Jg., n° 115 (22.05.1975), p. 7. Digitised by the National Library of Luxembourg.