Ciney ass eng belsch Stad an der Provënz Namouer. Si krut den Titel Stad duerch en Arrêté Royal vun 1985.

Cyney
Land Belsch
Regioun Wallounien
Communautéit Franséisch Communautéit
Provënz Provënz Namouer
Arrondissement Dinant
Awunner 16.439 (1. Januar 2018)
Fläch 14 756
Koordinaten 50° 17’ 42’’ N
      05° 06’ 04’’ O
Telefonszon 083
Postcode 5590
Websäit https://www.ciney.be/

D'Geigend ëm Cyney war schonn an der Fréigeschicht bewunnt, awer eréischt an der Réimerzäit gouf et eng richteg Uertschaft. Si gouf duerno vun de Barbaren zerstéiert, huet sech awer duerno lues a lues vergréissert fir am Mëttalter eng wichteg Plaz am Fürstentum Léck ze ginn. Vun ëm 1650 un war, Ciney eng Bonne ville am Fürstentum an en Doumkapitel hat säi Sëtz do, et war e Geriicht do, an et war den Haaptuert vun der Groussvogtei vum Condroz. Ciney gouf méi wéi eng Kéier zerstéiert, déi bekanntst Reiwerei wou et drënner ze leiden hat war d'Guerre de la vache. Ciney ass haut d'Haaptstad vum Condroz, an nennt sech Clé et Porte de l'Ardenne.

Déi haiteg Gemeng ass bei der belscher Gemengereform vun 1977 entstanen. Deemools hu follgend Gemenge mat Ciney fusionéiert: Achêne, Braibant, Chevetogne, Conneux, Leignon, Pessoux, Serinchamps a Sovet.

D'Stierm am Fréijoer 2010 haten zu Ciney zimmlech vill Schied hannerlooss, ënner anerem war de Kierchtuerm ewechgeblose ginn.

Verkéier änneren

D'Stad ass, mat der Gare vu Ciney, un dat belsch Eisebunnsnetz ugeschloss iwwer d'Linn 162 déi Namouer mat Arel an doriwwer eraus mat Lëtzebuerg verbënnt.

Bis 1982 war do och den Terminus vun der Eisebunnsstreck Statte-Cyney.

Un d'Stroossennetz ass Ciney iwwer d'N97 ugeschloss, déi do Route Charlemagne heescht, an iwwer véier méi kleng Nationalsstroossen, an zwar d'N937, d'N936, d'N949 an d'N921.

Industrie änneren

Ciney ass international bekannt fir de Béier dee fréier do gebraut gouf. Haut ginn déi dräi Zorte Béier, d'blonde, brune a spéciale vun der Brauerei Alken-Maes gebraut.

Véizuucht änneren

Ciney ass de Sëtz vum engem Zootechnikzenter, vun de Büroe vum Häerdbuch vun der Rass Blanc bleu belge, an ee vun de gréisste Véimäert an Europa bei deem all Woch eng ronn 3.000 Béischte gehandelt ginn, gëtt all Freiden do ofgehalen.

Jumelagen änneren

Ciney ass jumeléiert mat:

Kuckeswäertes änneren

  • D'Kierch Collégiale Saint-Nicolas
  • D'Kapell Notre-Dame de Hal
  • D'Kapell Notre-Dame an der rue Piconnette
  • D'Klouschter an d'Kapuzinerkierch
  • D'Kapell Saint-Hubert
  • D'Schlass mat dem Parc

Kuckt och änneren

Um Spaweck änneren

Commons: Ciney – Biller, Videoen oder Audiodateien


  Sektiounen an der Gemeng Ciney  

Ciney - Achêne - Braibant - Chevetogne - Conneux - Leignon - Pessoux - Serinchamps - Sovet