De Jean-Baptiste Charles François Neuens, gebuer de 7. Juli 1812 zu Miersch am Haus Hantzen[1], an och do den 29. Juli 1881 gestuerwen[2], war e lëtzebuergesche Professer, Auteur, Iwwersetzer, Erfinder a Generol-Leitnant an der Belscher Arméi.

Jean-Baptiste Neuens
Gebuer 7. Juli 1812
Miersch
Gestuerwen 29. Juli 1881
Miersch
Nationalitéit Lëtzebuerg
Gedenkplack um Heemechtshaus

Liewen a Karriär änneren

Hie war de Bouf vum Simon Neuens an der Marie Warken.

Beim Ausbroch vun der Belscher Revolutioun, 1830, huet hie seng Schoul um Stater Kolléisch ofgebrach, a sech zu Bréissel an d'Arméi gemellt, wou en et an de Joren derno bis zum Rang vum Capitaine-commandant (1842) bruecht huet. Dat selwecht Joer gouf hie Professer op der Ecole de pyrotechnie zu Léck. 1847 gouf hie Majouer am 1. Artillerieregiment zu Tournai, an 1857 Lieutnant-Colonel.[2]

1858 gouf hien als Direkter vun der Ecole de pyrotechnie nomméiert, ma schonn dat Joer drop huet hien d'Direktioun vun der Fonderie de canons iwwerholl. Vun 1859 huet hien ausserdeem un de Pläng vum Ausbau vun der Festung vun Antwerpen matgeschafft. 1863 gouf hien zum Colonel ernannt, 1870 zum Generol-Majouer an 1875 zum Generol-Leitnant. 1876 goung en a Pensioun. Hie goung hannescht op Miersch, wou e gestuerwen ass.[2]

Den Neuens huet als Éischten dem Carl von Clausewitz säi Vom Kriege op Franséisch iwwersat.[3] Aner Iwwersetzunge vun him sinn ë. a. Description de la fabrication des bouches à feu en fonte de fer et des projectiles à la Fonderie de canons de Liège par le général HUGUENIN» (Chez Wahlen, Bruxelles, 1839) aus dem Hollänneschen' , a Mémorial descriptif concernant la fabrication de la poudre à la poudrière de Spandau, traduit d'un mémoire allemand communiqué en manuscrit par un officier russe, sou wéi deen een oder aneren Artikel fir d'Revue militaire. [2]

Hien huet ausserdeem eng Technik fir e Sprengstoff-Zünder erfonnt.[2]

Gielercher[2] änneren

Um Spaweck änneren

Referenzen änneren

  1. Maison Hantzen, Mersch op industrie.lu.
  2. 2,0 2,1 2,2 2,3 2,4 2,5 Bernard Wolff, Jules Mersch: Le lieutenant-général Jean-Baptiste Charles François Neuens (1812-1881) . Biographie nationale du Pays de Luxembourg, vol. 11, p.291 - 303.
  3. Kuerzbeschreiwung op amazon.de.