Isobutan

cheemesch Verbindung
Isobutan
Isobutan
Systemateschen Numm (IUPAC) 2-Methylpropan
Trivialen Numm Isobutan
Cheemesch Formel C4H10
Ausgesinn / Geroch duerchsiichtege Gas
Eegenschaften
Dicht 2.70 kg/m3 bei 0 °C, 1013 hPa
Léislechkeet 0,049 g/l bei 20 °C (am Waasser)
Molmass 58,1 g/mol
Schmëlzpunkt -159.6 °C
Kachpunkt -11.7 °C
Thermodynamesch Daten
Standard Formatiounsenthalpie
ΔfH0
–134.2 KJ·mol−1
Standardentropie
S0
249.7 J·K−1·mol−1
Verbrennungsenthalpie
ΔcH0
–2869 KJ·mol−1
Weideres
Änlech Moleküllen Pentan
n-Butan
Cheemeesch Famill {{{Cheemeesch Famill}}}

Isobutan oder 2-Methylpropan ass e ramifiéierte Kuelewaasserstoff, deen zu den Alkane gehéiert. D'Famill vun de Butane besteet aus zwéin Isomeren, dem n-Butan an dem Isobutan.

Physikalesch Eegenschaften änneren

Isobutan huet keng Faarf a kee Geroch. En ass ganz liicht ze verflëssege wéinst sengem héije Kachpunkt. E gëtt dofir mat wéineg Drock ënner flësseger Form a Gasfläschen transportéiert.

Cheemesch Eegenschaften änneren

Isobutan brennt un der Loft. Mam Sauerstoff gemëscht ass en explosiv. Bei der Verbrennung entsteet Kuelendioxid a Waasser.

 

Mat den Halogenen Chlor a Brom forméiert den Isobutan Substitutiounsproduiten.

Virkommen änneren

Isobutan kënnt am Äerdgas an am Pëtrol vir. Donieft entsteet en an de Pëtrolsraffinerien a beim Cracking.

Uwendung änneren

Isobutan ass ee vun den Haaptbestanddeeler vum Flësseggas. E gëtt an Drockfläsche gelagert a mam Butan gemëscht als Brennes benotzt. Gasfläsche mat Isobutan sollen op kille Plaze lageren a vu liichtentzündlechem Material ewechbleiwen. An der Chimie gëtt Isobutan geholl fir Alkylatbenzin hierzestellen.

Auswierkungen op d'Gesondheet änneren

A groussen Dose wierkt Isobutan narkotesch.

Literatur änneren

  • Éditions A. De Boeck, Bruxelles, 1979, Chimie organique, A. Dessart - J. Jodogne - J. Paul